Montée de Pfaffenthal

Vu Wikipedia
Montée de Pfaffenthal
Numm lb: Stater Bierg, Pafendaller Bierg
fr: Montée de Pfaffenthal
Fréieren Numm fr: Im Dünnebusch, Im Dünnbuschel
Längt ca. 280 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall, Uewerstad
Koordinaten 49° 36’ 49.1’’ N
      06° 07’ 57.2’’ O

D'Montée de Pfaffenthal féiert als Verlängerung vun der Ieweschtgaass am Pafendall bis bei d'Dräi Tierm an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Strooss war en Deel vum fréiere Kiem dee vu Reims iwwer Arel, Mamer, Stroossen an d'Stad bis op de Fëschmaart gefouert huet. Vun do aus ass e weider an den Dall, iwwer d'Uelzecht an duerch d'Hiel a Richtung Nidderaanwen an Tréier viru gaangen.

De Pafendaller Bierg war eng wichteg Handelsstrooss an all Verkéier dee vun Norden oder Osten an d'Festung era wollt, huet missen iwwer dëse géien Hank erop goen. Et goufe 4 Paarten duerch déi een huet misse goen. Déi iewescht Paart, déi sougenannt Dräi Tierm bestinn haut nach. Dësen Deel ronderëm d'Dräi Tierm, gëtt an den Dokumenter vun deemools als Im Dünnebusch oder Im Dünnbuschel genannt.

Bis an d'17. Joerhonnert stoungen en Rëtsch Haiser do am Bierg bis an de Jore 1671 - 1672 déi spuenesch Militärverwaltung 43 Haiser ofrappe gelooss huet, fir méi Plaz ze kréie fir nei Verdeedegungsanlagen.

Déi lescht Gebaier goufen ofgerappt wéi d'Festung geschleeft gouf a wéi de Verbindungswee tëscht dem Bock an den Dräi Tierm (den haitege Boulevard Victor-Thorn) ugeluecht gouf[1].

1988 ass am Pafendaller Bierg en Deel vum Hank gerëtscht an dobäi koumen Iwwerreschter vun engem Poterie-Atelier aus dem 17. Joerhonnert zum Virschäin. Bei archeologeschen Ausgruewungen am Joer duerno goufe verschidde Stécker aus Keramik fonnt (Dëppe mat zwéi Grëffer, Seibecken, Spuerbéchs, Teller, ...) déi sengerzäit zu Lëtzebuerg als Kichen- oder Dëschgeschier am Gebrauch waren[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Montée de Pfaffenthal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Beck H. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 38, 1991: 21
  2. Wagener D., an Zesummenaarbecht mam Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof, 2015, Broschür am Kader vun der Ausstellung „De Pafendall, Histoires d'un quartier – Geschichten eines Stadtviertels, S. 32“ am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
  3. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt de 6. September 2015