Stroossen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stroossen
Coat of arms strassen luxbrg.png
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Strassen
de: Strassen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Gaston Greiveldinger (LSAP)
Awunner 8.828 (1.1.2017)
Fläch 1.071 ha
Koordinaten 49° 37’ 9’’ N
     6° 4’ 19’’ O
Websäit http://www.strassen.lu/
Map Strassen.PNG
D'Gemeng Stroossen (orange) am Kanton Lëtzebuerg (rout)
De Centre Barblé vum Park aus gesinn
Am Park beim Centre Barblé

D'Gemeng Stroossen läit am Kanton Lëtzebuerg an ass eng vun den 105 lëtzebuergesche Gemengen. Se besteet aus der Uertschaft Stroossen an engem Deel vum Reckendall.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Stroossen ass westlech um Bord vun der Stad Lëtzebuerg situéiert. Nieft der Gemeng Lëtzebuerg am Osten, leien am Südweste Bartreng, am Weste Mamer, an am Norden Kielen a Koplescht.

Duerch d'Gemeng féiert nieft der Nationalstrooss N6, och Arelerstrooss genannt, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Arel (Belsch) verbënnt och déi international Zuchstreck Lëtzebuerg – Bréissel. D'N6 gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Stroossen staamt aus dem laténgesche Wuert "strata", wat souvill heescht wéi Militärstrooss. Zu der Zäit vun de Réimer ass dëse Kiem vun Tréier op Arel duerch Stroossen a Mamer verlaf.

Am Joer 1823 gouf d'Gemeng opgeléist a mat der Gemeng Bartreng fusionéiert. Den 1. Januar 1850 (duerch d'Gesetz vum 6. August 1849) goufen d'Sektioun Stroossen, zesumme mam Deel vun der Sektioun Reckendall dat um "ban de Strassen" louch, vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt an nees zu enger eegestänneger Gemeng.[1]

Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Stroossen 1.381 Awunner, 278 bewunnten Haiser an 309 Famillen.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC D'Gemeng huet 8.108 Awunner, wouvun der 4.774 (58,88%) Net-Lëtzebuerger sinn (Stand: 1. Jan. 2015).

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wope vu Stroossen gouf an der Gemengerotssëtzung vum 14. Oktober 1976 ugeholl an duerch en Arrêté ministériel vum 7. Dezember datselwecht Joer confirméiert.[2]

Beschreiwung: de gueules à cinq pals d'or.

De Wope vu Stroossen geet op de Jang vu Stroossen (ëm 1411) zréck.[3]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Stroossen gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer CSV DP gréng LSAP Lénk
1999 3 5 2 1 -
2005 3 4 2 2 -
2011 3 5 2 3 -
2017 3 4 2 4 0

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Stroossen ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kandel, Edouard: Publikationen der Gemeinde Strassen - In: 150 Joer Gemeng Stroossen : 1850 - 2000. - Strassen : Administration communale, 2001. - P. 453-465
  • Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen, Mémorial N°78 vum 18. August 1849 S.791-S.792

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen.
  2. Mémorial B 1976, Säit 1474.
  3. http://www.strassen.lu/la-commune-se-presente