Les sacrifiés (Skulptur)
Typ | Skulptur |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Stroossen |
Plaz | Stroossen |
Koordinaten | 49°37'5,8159"N, 6°4'10,3321"O |
Ageweit | 10. Oktober 1992 |
Material | Bronz |
Kënschtler | Lucien Wercollier |
Les sacrifiés ass den Numm vun enger monumentaler bronze Skulptur vum Lucien Wercollier, déi op enger ëffentlecher Plaz nieft der Kierch zu Stroossen ze gesinn ass.
Den Numm vun der Skulptur, an och hir Form, erënneren un d'Affer vum Generalstreik vum 31. August an 1. September 1942.
Mat dësem Streik hunn d'Lëtzebuerger géint d'Zwangsrekrutéierung an déi däitsch Wehrmacht protestéiert, wouropshin Dosende vun hinne virun e Standgeriicht koumen an 21 vun hinnen zum Doud verurteelt an erschoss goufen.
D'Skulptur
[änneren | Quelltext änneren]E puer Träppleke féieren, laanscht de Monument aux morts, op d'Plaz mat der Skulptur erop. D'Plaz ass ronn ugeluecht a parkänlech amenagéiert. An hirer Mëtt steet d'Skulptur op engem ronnen Trapesockel aus roudem Granit. De Bronze vun der Skulptur ass mat staarkem Gréngespoun bedeckt, wat op e relativ héije Koffergehalt hiweist.
De Wercollier, dee selwer den 1. September 1942 festgeholl an an d'KZer zu Hinzert a Lublin (haut Polen) verschleeft gouf, huet dës Skulptur net signéiert.
2008 sinn hanner der Skulptur dräi Fändelen ze gesinn: deen offizielle lëtzebuergesche Fändel, de Fändel mam Roude Léiw an, an der Mëtt, den europäesche Fändel.
Aweiung vum Monument
[änneren | Quelltext änneren]D'Monument gouf den 10. Oktober 1992 bei Geleeënheet vum 50. Commemoratiounsdag fir d'Affer vum Generalstreik vum 31. August an 1. September 1942 feierlech ageweit[1].
Am éischten Deel vun der Feier gouf am Gemengenhaus d'Buch vum Roger Gallion iwwer Stroossen a seng Krichsaffer vun 1940-1945 virgestallt. D'Festried, mat der Virstellung vum Buch an engem Referat iwwer d'Krichsevenementer, gouf vum Historiker a Professer Jean-Paul Lehners gehalen.
Duerno gouf déi monumental Skulptur a Presenz vun de Gemengenautoritéiten an de Vertrieder vun den Zwangsrekrutéierten opgedeckt a vum Stroossener Paschtouer geseent. Aus de Reportagen an der Press, an och d'Fotoe weisen et net, geet net ervir datt de Lucien Wercollier bei der Aweiung present war.
Op der Foto vun der Aweiung gesäit een, datt d'Plaz mam Monument nach net sou amenagéiert war, wéi se 2008 ze gesinn ass.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Christiane Schmitz, 1992. In: Christiane Schmitz & Paul Leners (Koord.), 1992. …wéi wann et eréischt haut geschitt wier ! Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. S. 350.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Roger Gallion, 1992. Stroossen, seng Krichsaffer 1940-1945. Erausgi vun den Enrôlés de force vu Stroossen mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Stroossen. Sankt-Paulus-Dréckerei. 622 S.
- Christiane Schmitz & Paul Lehners (Koord.), 1992. …wéi wann et eréischt haut geschitt wier ! Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. 367 S. (Op der S. 367 steet (hei iwwersat): Dëst Buch enthält Artikelen aus der Bäilag vum LW vum 29. August 1992 bei der Geleeënheet vum 50. Anniversaire vum Generalstreik vun 1942).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Ascension, eng aner Skulptur vum Wercollier zu Stroossen, beim Gemengenhaus
- Nationaalt Streikmonument zu Wolz, mat Relieffer vum Lucien Wercollier
- Skulpture vum Lucien Wercollier op ëffentleche Plazen oder vun do aus ze gesinn:
- Le prisonnier politique beim Hinzerter Kräiz um Lampertsbierg
- Signe dans l'espace um Zens
- Affection um Briddel
- Affranchissement am Park vum Thermalbad zu Munneref
- La vague zu Ettelbréck
- Monument am KZ-Hinzert
- Fir weider Skulpture vum Wercollier kuckt ënner Lucien Wercollier