Hinzerter Kräiz

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Hinzerter Kräiz mat der Wercollier-Skulptur
D'Plaz mam Hinzerter Kräiz.
Wärend der Zeremonie vun der Journée de la commémoration nationale 2016.

D'Hinzerter Kräiz gouf am Mäerz 1946 um Nikloskierfecht opgeriicht. Et gouf aus Holzdunnen aus dem SS-Sonderlager Hinzert am Hunsrück zesummegesat an et erënnert un déi 82 Lëtzebuerger, déi am Zweete Weltkrich zu Hinzert an zu Köln am Prisong Klingelpütz higeriicht goufen, an um Nikloskierfecht begruewe sinn. De Schräiner Jos. Colabianchi, dee selwer Prisonéier zu Hinzert war, huet déi Dunnen a Fassong bruecht, an d'Kräiz zesummegesat.

Am Joer 1969 gouf d'Plaz ronderëm d'Hinzerter Kräiz nei amenagéiert. Dobäi gouf dem Kënschtler Lucien Wercollier seng Bronze-Figur De politesche Gefaangenen dobäigesat. De Wercollier selwer gouf zwee Joer laang zu Hinzert an am KZ Lublin gepéngegt.

1974 gouf d'Hinzerter Kräiz zesumme mat der Plaz ronderëm zum Monument national erkläert,[1] an dréit zanterhier den offiziellen Titel Monument national de la résistance et de la déportation.

D'Kräiz an d'Griewer[änneren | Quelltext änneren]

D'Kräiz gouf vum lëtzebuergesche Schräiner Joseph Colabianchi, dee selwer Prisonéier zu Hinzert war, zesummegesat an op Hinzert bruecht, wou et Enn 1945 op der Plaz opgestallt gouf wou d'Lëtzebuerger Affer begruewe gi waren.[2]

Den 8. Mäerz 1946 gouf d'Kräiz um Nikloskierfecht iwwer de Griewer vun de lëtzebuergesche Krichsaffer, deenen hir stierflech Iwwerreschter heembruecht gi waren, opgestallt.[2]

Op der Plaz vum Hinzerter Kräiz sinn d'Griewer vun deene Läichen déi net konnten identifizéiert ginn:[2]

  • 19 Affer vum Generalstreik géint d'Zwangsrekrutéierung (31. August-1. September 1942), déi zu Hinzert erschoss gi waren;
  • 23 Resistenzler déi de 25. Februar zu Hinzert erschoss gi waren;
  • 3 Lëtzebuerger déi am Lager zu Hinzert gestuerwe waren;
  • 6 Lëtzebuerger déi den 18. Dezember 1944 beim Bommenugrëff am Hinzerter Niewelager zu Wiesbaden gestuerwe waren;
  • 4 Affer déi 1943 am Prisong zu Köln-Klingelpütz gekäppt gi waren;
  • 21 Lëtzebuerger déi 1944 zu Frankfurt/Main higeriicht goufen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hohengarten, A., 2014. Die Stadt Luxemburg unter dem Hakenkreuz (1940-1945). Ein alternatiiver Stadtführer. Erweiterte Auflage. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 272 S. ISBN 978-2-87964-138-6. 2. Oplo. [1. Oplo: 1995].
  • Engel, M. & A. Hohengarten, 1983. Hinzert. Das SS-Sonderlager im Hunsrück 1939-1945. Sankt-Paulus-Druckerei A.G. Luxemburg.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale (Lescht Versioun vum 25. Oktober 2018).
  2. 2,0 2,1 2,2 Hohengarten, A. 2014. Cf. Literatur.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Kapellen · Lancaster Memorial zu Wäisswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf