Nationale Resistenzmusée

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Nationale Resistenzmusée

Den Nationale Resistenzmusée (Musée national de la Résistance) ass e Musée zu Esch-Uelzecht, deen iwwer Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich, absënns iwwer d'Resistenz géint d'däitsch Besatzung, informéiert.

Geschicht vum Musée[änneren | Quelltext änneren]

Direkt nom Krich ass d'Iddi opkomm, d'Erënnerung un déi schwéier Zäiten net an der Vergiess geroden ze loossen. Eng Spezialkommissioun, ënner der Presidence vum Ed Barbel, a mat Vertrieder vun der Escher Gemeng, Resistenz- a Gewerkschaftsorganisatioune gouf op d'Bee gestallt, déi iwwer eng ëffentlech Souscriptioun déi néideg Sue gesammelt, d'Konzept vum Musée ausgeschafft an d'Ausstellungsstécker zesummegestallt huet.

Den 22. Juli 1956 gouf d'Monument aux Morts an de Resistenzmusée op der Brillplaz zu Esch ageweit. D'Pläng ware vun den Architekte Nicolas Schmit-Noesen a Laurent Schmit.

Lénks a riets virun der Entrée sti Bléck mat Relieffe vun de Sculpteuren Claus Cito, Émile Hulten a Charles Kohl.

Artisten, déi selwer Resistenzler waren oder deportéiert waren, hunn Originalkonschtwierker bäigesteiert: de Foni Tissen eng Fresk, de Lucien Wercollier eng Fassong vum Le prisonnier politique an de René Weyland eng Skulptur.

Le prisonnier politique vum Lucien Wercollier

1984 huet den deemolege Kulturminister Robert Krieps de Musée renovéieren an d'Ausstellung iwwerschaffe gelooss. De Resistenzmusée ass 1987 nees opgemaach ginn. Dobäi huet en, duerch ministeriellen Arrêté, den Attribut "national" kritt. D'Brillplaz, nieft där de Musée steet, gouf kuerz duerno a Resistenzplaz ëmbenannt.

Zanter Januar 2008 gëtt de Musée, deen der Stad Esch-Uelzecht an dem Kulturministère ënnersteet, vum Frank Schroeder, engem fréiere Lycéesprofesser, als Direkter geleet.

Am September 2013 huet d'Kulturministesch Octavie Modert en Aarbechtsgrupp ernannt, deen e raimlecht an inhaltlecht Konzept fir en erneierten a vergréisserte Musée soll erschaffen. Am Januar 2015 gouf dëst Dokument der neier Kulturministesch Maggy Nagel virgestallt.

De Vergréisserungs- an Erneierungsprojet gët gedroe vun der Stad Esch, dem Stat an der Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte. Den 10. Mäerz 2017 gouf de Projet vum Architekteburo Jim Clemes an de Museographieprojet vun NJoy am Gemengerot zu Esch ugeholl, knapp 2 Woche méi spéit och vum Regierungsrot. Als zukünftege Träger vum Musée soll eng Fondatioun gegrënnt ginn. D'Aarbechte solle viraussichtlech am Januar 2018 ufänken, an 2 Joër daueren. Während dem Chantier ginn d'Ausstellung an d'Buroën an dat alt Geriichtsgebei, direkt nieft dem Musée, verluecht.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter September 2009 ginn am Musée Wiesselausstellunge gewisen. Ongeféier all 6 Méint gëtt eng nei Ausstellung virgestallt (Auswiel):

  • Lebensbilder, mat Uelegbiller vun der Madeleine Weis-Bauler, enger fréierer Resistenzlerin a politesch Déportéierter, vum 4. September 2009 bis den 3. Oktober 2009.
  • Spott dem Naziregime - Karikaturen in Luxemburg vor, während und nach dem Krieg, déi éischt Ausstellung déi vum Musée selwer gemaach gouf, vum 4. Juni 2010 bis de 5. September 2010
  • Témoins / Zeugen, mat Fotoe vum lëtzebuergesche Kënschtler Tom Hermes, deen Zäitzeie portraitéiert huet, vum 28. Januar 2011 bis den 1. Mee 2011.
  • Kunst/KZ - Art/camps mat Wierker vun de Kënschtler Yvonne Useldinger, Lily Unden, Lucien Wercollier, Edmond Goergen a Foni Tissen, vum 6. Mee 2011 bis de 16. Oktober 2011
  • Peuple européen, peuple étranger - Le Luxembourg et les Roms, mat Fotoe vum Patrick Galbats, vum 10. Februar 2012 bis de 6. Juni 2012.
  • Between Shade and Darkness - Le sort des Juifs du Luxembourg de 1940 à 1945, vum 29. Mee bis 24. November 2013
  • Nelson Mandela - From Prisoner to President, eng international Wanderausstellung vum Apartheidmusée vu Johannesburg, vu Mee bis Oktober 2014.
  • Traqué, caché - 4 mois au Bunker Eisekaul, déi vun Oktober 2014 bis Mee 2015 gläichzäiteg am Resistenzmusée an am Musée national des mines zu Remleng gewise gëtt.

Wéini op ass[änneren | Quelltext änneren]

De Musée ass op vun Dënschdes bis Sonndes vu 14.00 bis 18.00 Auer. Den Entrée ass fräi.

Visitte vu Gruppe sinn all Dag an der Woch vun 8.00 Auer u méiglech (op R-V, gratis).

De Musée vu bannen (Zoustand 2008).

De Musée[änneren | Quelltext änneren]

  • An der Entréeshal op der rietser Säit stinn op Stäiler zéng Urne mat Buedem, deen aus verschiddenen Lagere staamt. Aus dem Lager KZ Sachsenhausen, KZ Dachau, KZ Revensbrück, Sonnenburg, "Ëmsiidlungslageren", Mauthausen, Buchenwald, Natzweiler, SS-Sonderlager Hinzert. An der Urn vum KZ Auschwitz ass Buedem, awer och Schankestécker, dran.
  • Zanter Mee 2009 ass och e Lieseck an d'Bibliothéik am Entréesberäich vum Musée installéiert.
  • Um Rez-de-chaussée sinn op 16 Stellpanneaue Fotoen an Dokumenter ze gesinn, déi de Leidenswee vum Lëtzebuerger Vollek vun der Invasioun den 10. Mee 1940 bis zum Enn vun der Ardennenoffensiv weisen. E groussen Deel vun de Panneaue weisen, wéi d'Lëtzebuerger sech géint d'Nazi-Ënnerdréckung gewiert hunn, passiv an aktiv (Resistenzbewegungen, Ënnergrondpress, Streik, Passeuren, Verstoppe vu Refractairen, Maquis, ...).
  • Am September 2009 gouf eng Ausstellungsstruktur installéiert, déi et erlaabt, Wiesselausstellungen ze weisen, déi an der Regel ronn 6 Méint daueren.
  • D'Galerie um éischte Stack erkläert de System vun den NS-Konzentratiounslageren, weist de Kräizwee vun den Deportéierten, de Resistenzler an de Kazettler. Nieft KZ-Uniforme ginn och eng Rei Objete gewisen, déi heemlech vu Prisonéier an de Lager hiergestallt goufen, dorënner och Zeechnunge vun der Yvonne Useldinger.
  • E puer Panneaue weisen och d'Schicksal vun de Lëtzebuerger Judde während dem Krich.
  • Am Musée sinn och eng Rei Konschtwierker ausgestallt, ënner anerem Biller a Gravure vum Foni Tissen (dorënner eng Baussevue vun Hinzert, déi hien 1943, no senger Befreiung, gemoolt huet), an eng Serie vun Zeechnungen, déi de russesche Kënschtler Rosanov iwwer d'KZ Mauthausen gemaach huet. Mat der Installatioun "Mémoires" vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Martine Deny, an der Skulptur "Le retour de nos prisonniers politiques" vum Jhang Meis, sinn och zäitgenëssesch Wierker am Resistenzmusée ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Kapellen · Lancaster Memorial zu Wäisswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard Thomas, Bruchstellen - Chronik des Escher Resistenzmuseums ; in: forum, Nr. 299 (September 2010), Ss. 12-18 (ill., Bibliographie).
  • Musée national de la Résistance, "Luxemburg im 2. Weltkrieg" ISBN 2-9599670-1-1 (Muséeskatalog)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationale Resistenzmusée – Biller, Videoen oder Audiodateien