Le prisonnier politique
Ausgesinn
Um Nikloskierfecht: de Prisonnier politique an am Hannergrond, d'Hinzerter Kräiz | |
Typ | Skulptur |
---|---|
Plaz | Nikloskierfecht, Nationale Resistenzmusée, Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster |
Koordinaten | 49°36'54,5152"N, 6°7'9,9826"O |
Ageweit | 1959 |
Material | Bronz |
Kënschtler | Lucien Wercollier |
Le prisonnier politique ass den Numm vun enger monumentaler Skulptur vum Lucien Wercollier, déi et an dräi Versiounen, allen dräi am Bronze, gëtt. Déi bekanntst Versioun steet an der Stad Lëtzebuerg um Nikloskierfecht beim Hinzerter Kräiz.
D'Skulptur stellt a stiliséierter Form e politesche Gefaangenen duer, deem seng Hänn um Réck festgebonne sinn. No laangem Stoe léisst d'Kraaft no, d'Knéie béie sech duerch an de Réck gëtt kromm.
D'Skulptur gouf 1949 vum Wercollier geschaf, nom Modell vun enger klenger hëlzener Skulptur, déi e franséische Matgefaangenen him Enn 1942 am KZ Hinzert geschenkt hat.
Versioune vun der Skulptur
[änneren | Quelltext änneren]- Eng éischt Versioun gouf 1956 am Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht opgestallt.
- Eng zweet Versioun, vun 1954, gouf 1969 um Nikloskierfecht beim Hinzerter Kräiz opgeriicht, dat als Deel vum Monument national de la résistance et de la déportation.
- Eng drëtt Versioun gouf nom Doud vum Kënschtler mat Hëllef vum original gipse Modell, am Optrag vum Staat, gegoss. Si ass e Stéck vun der Privatsammlung vum Kënschtler, déi dem Sculpteur seng Famill am Joer 2005 dem Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster fir 10 Joer iwwerlooss huet. Zanter dem November 2008 steet si, zesumme mat deenen anere Skulpturen aus der Kollektioun, am Déambulatoire, um éischte Stack an der fréierer Abtei am Stadgronn.
Historique
[änneren | Quelltext änneren]- Am KZ zu Hinzert, wou de Lucien Wercollier vum 19. September 1942 bis am November 1943 gefaange war, huet hie materlieft wéi aner Gefaange gefoltert goufen, andeems se d'Hänn um Réck festgebonne kruten, an duerno zu zwéin, mam Réck widdereneen, ugestréckt goufen. Déi Tortur huet bis zu dräi Deeg dobaussen, am Wanter a batterer Keelt, gedauert.
- Am Lager zu Hinzert huet de Lucien Wercollier Bekanntschaft gemaach mam Jean Daligault, engem franséische Resistenzler, Paschtouer a Kënschtler, deen am Kader vun der Nacht und Nebel-Aktioun an d'KZ-Hinzert iwwerfouert gouf. Am Dezember 1942 huet de Wercollier dem Daligault, deen als NN-Gefaangene kee Colis vu senger Famill duerft kréien, Iessen aus sengem Krëschtdagspak matginn.
- Als Merci huet den Daligault dem Wercollier eng kleng Skulptur geschenkt, déi hien aus Reschter Holz geschnëtzelt hat: si besteet aus zwéi Gefaangen, déi mat verbonnenen Hänn, mam Réck uneneegestréckt sinn.
- De Wercollier huet dës Skulptur a senge Saache verstoppt, fir se am November 1943 op Lëtzebuerg matzebréngen (gläich duerno gouf hien an d'KZ vu Lublin deportéiert). D'Skulptur vum Daligault ass haut (2008) am Besëtz vun der Famill Wercollier.
- Nom Krich huet de Wercollier de Prisonnier politique nom Modell vun engem vun deenen zwéi Gefaangene vun der Skulptur vum Daligault sculptéiert.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Fir d'Skulptur vum Wercollier:
- Joseph-Émile Muller, 1976. Lucien Wercollier. Collection: Les Maîtres de la Sculpture Contemporaine. Arted, Éditions d'Art, Paris. 49 S. ISBN 2-85067-038-3.
- Joseph-Émile Muller, 1983. Lucien Wercollier. Publication de la Section des arts et lettres de l'Institut grand-ducal. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 132 S. Ouni ISBN.
- Fir d'Skulptur vum Jean Daligault:
- Christian Dorrière, 2001. L'abbé Jean Daligault. Un peintre dans les camps de la mort. Les Éditions du Cerf, Paräis. 164 S. ISBN 2-204-06631-1.
- Luigi Peruzzi, 2002. Mes Mémoires. Un antifasciste italien déporté au SS-Sonderlager Hinzert raconte. Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht. 398 S. (Mat historeschen Annotatioune vum Denis Scuto. Op Franséisch iwwersat vum Véronique Igel). ISBN 2-87964-056-3.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Aner Skulpture vum Lucien Wercollier an der Stad Lëtzebuerg:
- Interpénétration um Boulevard Royal
- L'accord am Pescatore Park
- L'envol a L'éternel féminin am Park Neuman um Lampertsbierg
- Croissance beim Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg
- Signe dans l'espace um Zens
- La rampante um Geesseknäppchen
- Fir Biller vu weidere Skulpture vun dësem Kënschtler, kuckt Lucien Wercollier.
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]-
De Prisonnier politique am Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht
-
Timber vun 1982 mam Prisonnier politique.