Denis Scuto

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Denis Scuto
Denis Scuto NOV13-002.jpg
am November 2013
Gebuer 13. November 1964
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Historiker, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Denis Scuto, gebuer den 13. November 1964 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Historiker a fréiere Foussballspiller.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Secondaire am Escher Lycée Hubert-Clément, huet hien um Centre universitaire an der Stad an op der Université libre zu Bréissel Geschicht studéiert. Am Kader vu senger Licence huet hien eng Diplomaarbecht iwwer d'lëtzebuergesch Aarbechterbewegung tëscht 1918 an 1923 an de Streik vun 1921 geschriwwen. Dofir krut hien 1988 de Präis Suzanne Tassier. Duerno gouf hie Geschichtsprofesser (LTE) an 2004 Chargé de cours op der Uni Lëtzebuerg. 2009 huet hien op der ULB eng Dokterthees verdeedegt mam Titel: La construction de la nationalité luxembourgeoise - Une histoire sous influence française, belge, allemande (1839-1940).

Säi Fuerschungsthema ass d''Sozialgeschicht, besonnesch déi vum Minett uganks vum 20. Joerhonnert, mä och d'Industriegeschicht, d'Migratioun an d'Resistenz.

Den Denis Scuto ass zanter 2014 Professeur-adjoint fir Lëtzebuerger Zäitgeschicht op der Uni Lëtzebuerg an zanter Mäerz 2019 Vizedirekter vum Centre pour l'Histoire contemporaine et digitale (C²DH).[1]

Hie publizéiert reegelméisseg zäithistoresch Chroniken am Le Quotidien an um Radio 100,7, ass ë. a. och Coauteur vu Geschichtsbicher fir ënnescht Klasse vun technesche Lycéeën.

Den Denis Scuto war vun 2013 bis 2014 President vum Conseil supérieur des sports,[2][3]

Foussballspiller[änneren | Quelltext änneren]

Hie war tëscht 1972 an 2002 en aktive Foussballspiller an der Jeunesse Esch, eng Zäit laang och hiren Trainer. Hien ass Rekordspiller an der Foussball Nationaldivisioun, mat 424 gespillte Matcher an der héchster lëtzebuergescher Liga, kuerz virum Théo Scholten mat 419 Matcher.

Tëscht dem 21. September 1988 an dem 20. Mee 1993 huet hie 7-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[4]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sous le signe de la grande grève de mars 1921. Les années sans pareilles du mouvement ouvrier luxembourgeois (1918-1923), Luxembourg, éditpress, 1990.
  • Industriekultur in Esch. Eine stadtgeschichtliche Wanderung durch die Luxemburger Minettemetropole, Luxembourg, Editions Le Phare, 1993.
  • (Mat der Antoinette Lorang) La maison d'en face – Das Haus gegenüber, Luxembourg, Editions Le Phare, 1995.
  • (Mam René Leboutte a Jean Puissant) Un siècle d'histoire industrielle. Belgique, Luxembourg, Pays-Bas. Industrialisation et sociétés (1873-1973), Paris, SEDES, 1998.
  • Chambre de Travail Luxembourg. 75e anniversaire 1924-1999, Luxembourg, 1999.
  • (Mam Foni Lebrun-Ricalens a mam Florent Le Mené) Un voyage à travers les âges: le projet des coffrets pédagogiques; Les coffrets sur la préhistoire: une autre initiation à l'histoire / Eine Reise in die Vergangenheit: das Museum im Koffer ; Die Koffer zur Steinzeit: eine andere Einführung in die Geschichte, Luxembourg, Education nationale, 2001.
  • E Buch dat den Denis Scuto presentéiert a mat ausféierlechen historesche Fakten a Bibliographien (iwwer méi wéi 70 Säiten) annotéiert huet: Luigi Peruzzi, Mes mémoires. Éditions Le Phare, Esch/Uelzecht, 2002, 398 S. Aus dem italiéineschen iwwersat vum Véronique Igel.
  • Gëscht am Doppelpass mat haut. Iwwer Aktualitéit a Geschicht fräi geschwat: 5 Joer Carte blanche op RTL, Esch-sur-Alzette, Editions Le Phare, 2004.
  • (Mam Christophe Knebeler) Belval - Passé, présent et avenir d'un site luxembourgeois exceptionnel (1911-2011) ; Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht, 2010; (ill.).
  • La nationalité luxembourgeoise (19e-21e siècle) - Histoire d'un alliage européen ; Bréissel (Éditions de l'Université de Bruxelles), 2012. (= Dokterthes).
  • Chroniques sur l'an 40. Les autorités luxembourgeoises et le sort des juifs persécutés. Éd. Fondation Robert Krieps, Luxembourg, 2016, 197 p. ISBN 978-2-919908-10-3
  • (Mam Frédéric Krier, Jacques Maas an Arnaud Sauer (Koordinatioun)) 100 Joer fräi Gewerkschaften 1916-2016. Contributions à l'histoire du mouvement syndical luxembourgeois; Esch-Uelzecht, OGB-L/Éditions Le Phare), 2016.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Denis Scuto – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Uni.lu: Denis Scuto wird Vizedirektor am Institut für Zeitgeschichte." wort.lu, 28.02.2019.
  2. Dee Conseil soll Avise fir de Sportsministère ausschaffen an e besonnescht a budgetäre Froe beroden.
  3. Scuto nicht mehr Vorsitzender des "Conseil Supérieur des Sports" wort.lu 12. Februar 2014.
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Denis Scuto op European Football