Lycée Hubert-Clément
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lycée Hubert-Clément ass eng Secondaire-Schoul zu Esch-Uelzecht. Et ass dee fréiere Meedercherslycée, deen 1971 nom Hubert Clément (1889-1953) genannt gouf.
Historique[änneren | Quelltext änneren]
Duerch Gesetz vum 17. Juni 1911 gouf d'Basis geschaf fir en ëffentlechen Enseignement moyen fir Meedercher an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht mat Hëllef vun deene respektive Gemengen anzeféieren.
De 5. August 1911, huet de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht decidéiert fir der Regierung provisoresch dofir Schoulsäll mam noutwendege Mobiliar zur Verfügung ze stellen. En Arrêté ministériel vum 20. September 1911 huet festgeluecht, fir d'Diere vum Lycée den 2. Oktober 1911 opzemaachen. Op deen Datum war och d'Erëffnung vum Lycée de jeunes filles à Luxembourg duerch Arrêté ministériel vum 26. Juli 1911 fixéiert. Als éischt Gebai huet dat vun der fréierer Primärschoul am Schoulbierg gedéngt.
De 24. Abrëll 1955 gouf dat neit Gebai vum Lycée Hubert-Clément, deemools nach Lycée de jeunes filles d'Esch-sur-Alzette genannt, ageweit, an dat a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte, dem Prënz Felix, de Regierungsmemberen an dem Escher Buergermeeschter Antoine Krier. Deen éischten Direkter an dësem Gebai war den Albert Goedert.
Den Dag drop souzen 312 Meedercher a 14 Klassen. Wéi am Laf vun der Zäit d'Klasseneffektiver bis op 50 eropgaange waren, goufen am September 1965 véier Klassesäll am Schoulhaff an zwéi "Pavillonen" ageriicht.
Nodeem d'Gesetz vum 10. Mee 1968 et erlaabt huet, "Mixteklassen" opzestellen, hunn am Schouljoer 1970/71 déi éischt 30 Jongen do d'Bänke gedréckt.
Den 12. November 1971 gouf duerch e groussherzoglecht Reglement aus dem "Lycée de jeunes filles d'Esch-sur-Alzette" de "Lycée Hubert Clement"[1], nom Escher Politiker (Deputéierten, Buergermeeschter) a Journalist (Direkter vum Tageblatt) Hubert Clément.
Renovéierungsaarbechten[änneren | Quelltext änneren]
Vu Summer 2012 bis Januar 2018 gouf de Lycée Hubert-Clément komplett renovéiert, an en neien Turnsall gouf bäigebaut.
Virdru gouf et Pläng, e komplett neit Gebai op der Industriefriche vun Terre Rouge ze bauen. Dës sinn awer nees verworf ginn, well et ze vill komplizéiert an deier gewiescht wier, den Terrain ze preparéieren, datt iwwerhaapt drop gebaut kéint ginn, an och, well et keng Pläng gouf, wat duerno mam ale Gebai ze maache wier. Dofir gouf decidéiert, dat aalt Gebai schréckweis ze renovéieren; en Deel vun de Klasse misst dann zäitweileg an déi al Handwierkerschoul, op der Victor-Hugo-Plaz (déi zanter dem Bau vum neie Lycée technique vun Esch eidel steet a renovéiert gouf), auswäichen. Geplangt war ufanks, dass d'Aarbechte bis 2016 daueren a 46,5 Milliounen Euro kaschte sollten.[2]
Direkteren[änneren | Quelltext änneren]
- Nicolas Nickels (1916-1932)
- Théodore Kapp (1932-1941)
- Jean-Pierre Franck (1946-1950)
- Albert Goedert (1950-1978)
- Marcelle Hannes-Lamesch (1978-1987)
- Fernand Faber (1987-2007)
- François Maroldt (2007-2014)
- Jean Theis (zanter Abrëll 2014)
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Kollektiv, LHCEntenaire - 1911-2011; [Esch-sur-Alzette], 2012; 400 Säiten + 1 DVD.
- Graas, Gusti, 2012. Vom Escher Mädchenlyzeum zum Lyzeum Hubert Clément: Historische Entwicklung einer Sekundarschule im Süden des Landes. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 175 (11. September), S. 17. [1] (Archived by WebCite®)
- Kollektiv (32 Auteuren), 75 LHC - Lycée Hubert Clement 1911-1986; Lëtzebuerg (Print-Service), 1986; 183 Säiten.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Hubert Clement
- Déi véier aner Lycéeën zu Esch-Uelzecht
- Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Lycée Hubert-Clément – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vum LHCE
- Den Historique vum Lycée archivéiert
- Loi du 17 juin 1911, concernant l'organisation de l'enseignement moyen des jeunes filles (lycée)
- Arrêté du 20 septembre 1911, concernant l'ouverture au lycée de jeunes filles à Esch-s.-Alz
- Loi du 27 juin 1968 autorisant le Gouvernement à faire procéder à l'agrandissement et à l'ameublement du lycée de jeunes filles à Esch-sur-Alzette...
- Règlement grand-ducal du 12 novembre 1971 octroyant une dénomination particulière au Lycée de jeunes filles d'Esch-sur-Alzette
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Eréischt 2012 gouf aus dem Clement offiziell Clément: Interview mam Rapporteur Marc Spautz.
- ↑ "Esch/Alzette: Hubert-Clément, les plans dévoilés." lequotidien.lu, 2012-05-16 09:38:00.