Schwämm
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Begrëff "Schwämm" am Sënn vu Schwammbaseng. Fir den Déierestamm, kuckt wgl. Schwämm (Déieren). |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Schwämm ass e meeschtens rechteckege Baseng, dee geduecht ass fir dran ze schwammen, ze dauchen, oder aner Waasersportaarten wéi z. B. Waasserball ze maachen oder och nach fir Rettungsschwëmmer ze trainéieren. Et gëtt oppen a gedeckt Schwämmen, déi an de Gréisste staark variéiere kënnen, jee nodeem ob se privat oder ëffetlech sinn. Dacks gëtt déi ganz Installatioun mam Gebai Schwämm genannt.
Déi éischt Schwämme ware wuel Weieren, Séien oder Flossschwämmen.
Schwämmen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Eng vun den eelste Schwämmen am Land war d'Zaldoteschwämm am Gronn, déi vu Mëtt des 19. Joerhonnert bis 1918 a Betrib war.
Flossschwämmen
[änneren | Quelltext änneren]- Dikrech: Al Schwämm
- Lëtzebuerg (Stad): Schwämm vum Biisserwee
- Stolzebuerg: Schwämm op der Our
Schwammséien a -weieren
[änneren | Quelltext änneren]- Rëmerschen: Baggerweieren am Fräizäitgebitt Haff Réimech
- Uewersauer: Stauséi Uewersauer
- Wäiswampech: Wämper Séi
Gebaut Schwämmen
[änneren | Quelltext änneren]Am Fräien
[änneren | Quelltext änneren]- Esch-Uelzecht: Aera (net méi a Betrib)
- Déifferdenger Schwämm
- Diddelenger Schwämm
- Gréiwemaacher Schwämm
- Lëtzebuerg (Stad)
- Cloche d'Or (ewechgerappt)
- Dummeldeng, Schwämm vum Parc Hotel Alvisse
- Gantebeensmillen (net méi a Betrib)
- Munneref:
- Dräi Schwämmen am Thermalbad
- nieft dem Parking vum Thermalbad (gëtt oder ass schonn ewechgerappt)
- Réimecher Schwämm
- Veianen: Veianer Schwämm
Ënnerdaach
[änneren | Quelltext änneren]- Beetebuerg: An der Schwemm[sic]
- Esch-Uelzecht, Escher Schwemm [sic]
- Déifferdeng: Aquasud
- Diddeleng, Schwämm am Centre René Hartman
- Dikrech: Schwämm vun Dikrech
- Dräibuer: Schwämm vun Dräibuer
- Housen: AquaNat'Our beim Park Housen
- Lëtzebuerg (Stad):
- Badanstalt
- Coque
- Dummeldeng, Schwämm am Parc Hotel Alvisse
- Schwämm um Belair
- Schwämm vu Bouneweg
- Schwämmen an de Grondschoule Gaasperech, Gare, Lampertsbierg, Zens (am Bau)
- Miersch: Centre Aquatique Krounebierg
- Munneref, Schwämm am Centre Thermal
- Nidderaanwen: Syrdall Schwemm[sic]
- Réiden op der Atert: Réidener Schwemm [sic]
- Rodange, Piscine Kordall
- Stroossen, Les Thermes