Veianer Schwämm
Ausgesinn
D'Veianer Schwämm ass eng gehëtzt oppe Schwämm vun der Stad Veianen. D'Piscine en plein air, wéi d'Anlag offiziell heescht, läit an der Sanatoriums-Strooss um hallwe Wee fir op de Scheierhaff. D'Schwämm ass vun Enn Mee bis uganks September op.
D'Installatioune bestinn aus engem olympesche Baseng[1] an engem Kannerbaseng mat enger 6,5 m héijer a 65 m laanger Rutschbunn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Internetsäit vun der Veianer Schwämm um Sitt www.tourist-info-vianden.lu
- Internetsäit vun der Veianer Schwämm op www.vianden.lu
Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Leider kënnen duerch Feelplangung keng offiziell Kompetitiounen an dëser Schwämm ofgehale ginn, well déi olympesch Dimensiounen nëmme fir de Réibau agehale goufen, mat de Plättercher läit d'Schwämm ëm e puer Zentimeter ënner den offiziellen Dimensiounen.