Schwämm vum Biisserwee

Vu Wikipedia

D'Schwämm vum Biisserwee, och nach Zaldoteschwämm genannt, war eng Schwämm an der Uelzecht hannert der Biisserpaart am Gronn, déi vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis 1918 existéiert huet.

An enger éischter Phas war et eng Zaldoteschwämm an eng Schwammschoul vun der Preisescher Garnisoun bis zum Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1867.

Vun 1868 u gouf d'Schwammschoul vun der Fräiwëllegekompanie vun der Lëtzebuerger Arméi iwwerholl. Do hat och d'Société de natation hire Sëtz. Dat éischt Schwammfest gouf zu Lëtzebuerg den 23. Juli 1874 a Presenz vum Staatsminister Emmanuel Servais gefeiert. Vun do u goufe vill Schwammconcoursen a -fester ofgehalen, déi vill Publikum ugezunn hunn.

1918 gouf d'Schwämm dunn aus hygienesche Grënn zougemaach.

1922 gouf dem Batty Weber seng Operett an engem Akt "An der Schwemm" opgefouert, d'Musek war vun der Louise Koster, d'Regie hat de Schauspiller August Donnen. D'Stéck huet an der "Zaldote'schwemm am Grônn" gespillt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]