Lou Koster

Vu Wikipedia
Lou Koster
Gebuertsnumm Anna Maria Luise Koster
Gebuer 7. Mee 1889
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. November 1973
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Pianist
Famill
Geschwëster Laure Koster

D'Anna Maria Luise ("Lou") Koster, gebuer de 7. Mee 1889 a gestuerwen de 17. November 1973, war eng lëtzebuergesch Komponistin, Violonistin a Pianistin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Lou Koster ass an enger musekalescher Famill opgewuess. Hire Grousspapp, de Franz Ferdinand Bernard Hoebich, dee Kapellmeister vun der Lëtzebuerger Militärmusek war, léiert se Solfège, Gei a Piano. 1906 schreift se sech am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an. Am Conservatoire sollt si da fir d'éischt 1908 als Aushëllefprofessesch, spéider als Professesch, bis zu hirer Pensioun 1954 schaffen. De Conservatoire stoung deemools ënner der Direktioun vum belsche Komponist Victor Vreuls (1876-1944), e groussen Admirateur vum César Franck (1822-1890). De Vreuls war och Chef vum Orchester vum Conservatoire, an deem d'Lou Koster Gei gespillt huet.

Bis den Tounfilm sech allgemeng verbreet hat, huet d'Lou Koster (genee wéi hir Sëschtere Laure a Lina) an de Stater Kinoen d'Stommfilmer um Piano begleet.

Si huet 1905 ugefaange mat komponéieren, awer fir d'éischt am Geheimen, well si an d'Helen Buchholtz (1877-1953) déi éischt Fraen zu Lëtzebuerg waren, déi sech an déi männlech Chasse gardée vun der Kompositioun eragewot hunn. Hir éischt Kompositioune ware Vertoununge vun den Texter vu lëtzebuergeschen Dichter. Hir éischt Operett, An der Schwämm, en Eenakter no engem Libretto vum Batty Weber vun 1922, hat zwar gutt Kriticke bei der Première, gouf awer no an no nees vergiess.

An den 1930er Jore gouf d'Lou Koster eng populär Komponistin duerch d'Iwwerdroe vun hire méi liichte Wierker fir Orchester, speziell hir Walzsuiten déi vum RTL-Orchester opgefouert goufen.

Eréischt a fortgeschrattenem Alter ass d'Lou Koster mat hire Kompositioune méi un d'Ëffentlechkeet gaangen. Vun hir gëtt et am Ganzen 140 Wierker: Märsch, Operetten, Lidder a Kompositioune fir Orchester a fir Piano.

D'Lou Koster ass 1973 am Alter vu 84 Joer verscheet.

2015 stoung d'Lou Koster am Mëttelpunkt vum Festival Musiciennes à Ouessant[1] a Frankräich wou vill vun hire Wierker gespillt goufen. Am Optrag vum Cid Fraen a Gender goufen dräi zäitgenësseg Komponistinnen, d'Catherine Kontz, d'Tatsiana Zelianko and d'Albena Petrovic-Vratchanska gefrot fir verschidde Stécker mat grousser Besetzung vun der Lou Koster, fir eng Kammerbesetzung ëmzeschreiwen an ze reduzéieren. Si hunn och e Post-scriptum a Relatioun mam Stéck dat si ëmgeschriwwen hunn, komponéiert a sou Brécke vun hirer Musek op der Lou Koster hir gebaut. Dat Ganzt gouf am Dokumentarfilm Courants d'Airs vun der Anne Schitz festgehalen[2],[3].

Der Geiger von Echternach[änneren | Quelltext änneren]

Hire gréisste Succès hat si mam Oratorium Der Geiger von Echternach, dee si 1966 an der Kënschtlerresidenz vun der Famill Mayrisch zu Cabris no engem Text vum Nikolaus Welter geschriwwen huet. Et gouf den 9. Juli 1972 an der Iechternacher Basilika fir d'éischt opgefouert. Weider Opféierunge waren 1974, 1990 an 2009[4] an zulescht 2016, dräimol mam Orchester Estro Armonico (Trifolion, Iechternach - Artikuss, Zolwer - Dekanatskierch Dikrech).

Schallplack[änneren | Quelltext änneren]

  • Onst Lidd, Single mit Melodien von Lou Koster auf 6 Texte von Nik Welter, Lëtzebuerg 1968

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Geiger von Echternach, Production Musek Edy Noël, Lëtzebuerg 1995
  • Lou Koster-Lieder, Production Musek Edy Noël, Lëtzebuerg 1995
  • Helen Buchholtz/Lou Koster: Mélodies de compositrices luxembourgeoises/Lieder luxemburgischer Komponistinnen, La Voce di Euterpe 2, Lëtzebuerg 2003
  • In der Abendsonne, Melodien von Lou Koster, Produktioun Venant Arend, Lëtzebuerg 2003

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Danielle Roster: Lou Koster. Komponieren in Luxemburg. (= Europäische Komponistinnen Band 10), Böhlau Verlag, 2020, 456 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Musiciennes à Ouessant (2.-6. August 2015)
  2. Dokumentar-film
  3. 'Courants d'Airs' Archivéiert op 2018-08-04. Gekuckt de(n) 2018-09-02.
  4. Den Orchestre philharmonique du Luxembourg an de Choeur national du Luxembourg ënner der Leedung vum Pierre Cao, mat de Solisten Anja Van Eengeland (Sopran), Jeff Martin (Tenor) an Ekkehard Abele (Bariton) hunn d'Ballad donneschdes de 17. September 2009 am Stater Conservatoire an den 18. September am Trifolion zu Iechternach opgefouert. Dës Opféierunge goufe vum CNA an dem BCE (Broadcasting center Europe) opgeholl. D'CDe kommen am Fréijoer 2010 eraus.