Pierre Cao

Vu Wikipedia
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Museker. Fir de lëtzebuergeschen Handballspiller, kuckt wgl. Pierre Cao (Handballspiller).
Pierre Cao
Gebuer 22. Dezember 1937
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Conservatoire royal vu Bréissel
Aktivitéit Komponist, Dirigent
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Pierre Cao, gebuer den 22. Dezember 1937, ass e lëtzebuergesche Museker, Dirigent a Komponist, dee virun allem vun der mënschlecher Stëmm faszinéiert ass. En huet um Conservatoire royal vu Bréissel Kompositioun an Direktioun studéiert.

Als exzellente Pedagog huet de Pierre Cao sech säi ganzt Liewe fir d'Ausbildung vun Dirigenten agesat. Bis 1998 huet hien am Stater Conservatoire Direktioun enseignéiert an huet doriwwer eraus vill Meeschtercourse fir Fortgeschrëttener ginn. En huet verschidde Vokalensemblen zu Lëtzebuerg an Emgéigend geleet an ass Matgrënner vum INECC (Institut Européen du Chant Choral).

Mat en ettleche Plackenopnamen an der Leedung vu ville Chéier, Ensembelen an Orchesteren huet e sech en internationale Ruff verschaaft. Ze notéieren ass bei all deem seng grouss Bescheidenheet, déi sech doduerch äussert, datt hie sech seelen no engem Concert groussaarteg verneigt a meeschtens op den Dirigentestaf verzicht.

Zurzäit ass de Pierre Cao kënschtleresche Leeder vum Chouer Arsys-Bourgogne an de "Rencontres Musicales de Vézelay".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]