Laure Koster

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Laure Koster
Gebuer 24. Abrëll 1902
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Oktober 1999
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Famill
Geschwëster Lou Koster

D'Laure Koster oder Lory Koster, gebuer de 24. Abrëll 1902 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 22. Oktober 1999, war eng Musekerin a Schwëmmerin.

Si huet als Schwëmmerin 1924 bei den Olympesche Spiller vu Paräis matgemaach, wou si op den 200 Meter Brasse ugetrueden ass. An den Eliminatoiren ass si de 16. Juli an der Zäit vun 3mn 35s 0/10 an der zweeter Serie op déi 2. Plaz komm a konnt sech fir d'Finall qualifizéieren. An der Finall, déi den 18. Juli geschwomme gouf, ass si déi 6. ginn an der Zäit vun 3mn 39s 2/10.[1]

D'Laure Koster war Cellistin, Pianistin a Saxophonistin. An den 1950er Joren huet si am RTL-Orchester Cello gespillt.

D'Laure Koster war d'Sëschter vun der Lou Koster, an e Kandskand vum Franz Ferdinand Bernard Hoebich, dem éischten Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Laure Koster op der Websäit sports-reference.com