Op den Inhalt sprangen

Renée Brasseur

Vu Wikipedia
Renée Brasseur
Gebuer 27. August 1902
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. Juni 1929
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer


D'Renée Brasseur, gebuer de 27. August 1902 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 26. Juni 1929[1], war eng lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.[2]

Karriär[3][änneren | Quelltext änneren]

D'Renée an hir Schwëster Marie Brasseur waren allebéid Schwëmmerinnen a Member am Swimming Club Luxembourg. Op den Olympesche Summerspiller 1924 zu Paräis waren déi zwou Schwësteren akkreditéiert: d'Renée als Schwëmmerin an d'Marie als hir Betreierin. D'Renée koum ënner 10 Konkurrentinnen aus 5 Natiounen op déi 5. Plaz an der Serie (1'51''4) a war domat eliminéiert.

No hirer aktiver Karriär huet si sech zesumme mat der Joséphine Jacquemart an der Andrée Mayrisch an der Fédération féminine sportive luxembourgeoise (FSL) engagéiert, déi am Fréijoer 1925 gegrënnt gi war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vun der Renée Brasseur am Luxemburger Wort vum 27. Juni 1929 op eluxemburgensia.lu
  2. D'Renée Brasseur op dem Siute vu sports-refeence.com
  3. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 38-39. ISBN 978-2-9599734-5-1