Kierch Dikrech
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Dikrech | |||
Par | Dikrich Le Bon Pasteur | |||
Dekanat | Dekanat Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Laurent | |||
Konsekratioun | 1869 | |||
Architekt(en) | Pierre Biwer | |||
Baujoer | 1868 | |||
Koordinaten | 49° 52’ 12’’ N 06° 09’ 27.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch vun Dikrech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Dikrech gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurent, deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt.
Se steet op der Kluuster (Place des Récollets) nieft der N7.
Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Dikrech gehéiert ausser der Dekanatskierch vun Dikrech och nach d'Filialkierch vun Angelduerf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Grondstee gouf 1866 geluecht an d''Kierch gouf bis 1868 no Pläng vum Pierre Biwer vun der Firma Nicolas Kinkels vu Biisse gebaut.[2]
De 27. Juli 1869 gouf e Kontrakt tëscht der Gemeng Dikrech an dem Uergelbauer Dalstein & Haerpfer vu Boulay a Loutrengen ofgeschloss fir eng Päifenuergel an der Kierch opzeriichten.[2]
Den 8. August 1869 gouf d'Kierch a Presenz vum apostoulesche Vikar Nicolas Adames konsekréiert.[2]
Am Fréijoer 1870 gouf déi éischt Uergel dunn an der Kierch zu Dikrech opgeriicht.[2]
1944 gouf déi ëstlech Fassad vun der Kierch an der Ardennenoffensiv schwéier beschiedegt an och d'Uergel war deelweis futti an huet missen erneiert ginn.[2]
1948 war d'Erneierung vum Virbau an d'Vergréisserung vum Duxall ofgeschloss.[2]
De 25. November 1951 gouf déi nei Uergel vun der Uergelmanufaktur Haupt vu Lëntgen ageweit.[2]
Vun 1982 bis 1984 gouf d'Dekanatskierch ëmgestalt an de Chouerraum moderniséiert.[2]
1992 gouf d'Uergel an der Dekanatskierch vun der Uergelmanufaktur Korte vun Essen restauréiert.[2]
2001 huet d'Kierchefabréck vun Dikrech déi Dikrecher Uergelfrënn ('Amis de l'orgue') beoptraagt fir Sue fir eng nei Dekanatsuergel ze sammelen.[2]
Den 21. Januar 2010 gouf den 'Dikricher Uergelbauveräin' gegrënnt fir déi nei Dekanatsuergel ze plangen an opzeriichten.[2]
Se gouf an de Joren 2010-2013 bannen a bausse komplett restauréiert. Déi baulech Strukture goufe gefestegt, den Dach nei gedeckt an d'Gespär gefléckt, de Plaffong isoléiert an d'Fassad erneiert. Ënner der Leedung vum Architekt Edmond Decker gouf och d'Kierch bannenan komplett reamenagéiert. En neien Dafstee gouf am Stil vum Illusionismus vun de Kënschtler Tom Flick a Lukas Arons geschaf. E besteet aus enger oppener Hand aus wäissem Lasamarber aus Südtiroul, déi op engem hallef opgeschloenem Buch aus schwaarzem Diabasbasalt läit[3]. Den 22. Februar 2014 gouf déi restauréiert Kierch vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich a Presenz vun der Kulturministesch Maggy Nagel offiziell nei ageweit[4],[5].
Am Juli 2015 gouf mam Bau fir déi nei grouss Uergel vun der Uergelmanufaktur Thomas vu Ster bei Francorchamps ugefaangen, déi den 10. Abrëll 2016 ageweit gouf.[2]
Pietà
[änneren | Quelltext änneren]An der Kierch steet eng marmer Pietà vun 1870, vum däitsche Sculpteur Wilhelm Achtermann (1799-1884), déi 70 cm héich, 80 cm laang a 40 cm déif ass. Si gouf vum Theo an der Catherine Tandel gestëft.
Kräizwee
[änneren | Quelltext änneren]De Kräizwee mat senge 14 Statiounen ass eng Kopie vum Kräizwee aus der Wiener Nepomukskierch, dee vum bekannten éisträichesche Moler Josef von Führich staamt.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]An der Dekanatskierch zu Dikrech laude 5 Klacken mat den Téin c' es' f' g' b'.
1890 goufen d'Klacke Maria, Joseph a Laurentius vn der Klackegéisserei Causard vu Colmar am Elsass gegoss.[2]
1987 goufen d'Klacke Willibrord a Lucia vun der Géisserei Mabilon vu Saarburg (Saarland) gegoss.[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Al Kierch Dikrech
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Dikrech
- D'Fënstere vun der Kierch vun Dikrech op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- Dikrecher Uergelfrënn, Geschicht vun der Dekanatskierch
-
D'Dekanatskierch vun Dikrech (2008)
-
D'Pietà vum W. Achtermann
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ 2,00 2,01 2,02 2,03 2,04 2,05 2,06 2,07 2,08 2,09 2,10 2,11 2,12 2,13 150 Jahre Dekanatskirche Sankt Laurentius zu Dikierch: eine Zeittafel (1868-2018) vum André Bauler an Die neue Orgel der Dekanatskirche in Diekirch, Amis de l'Orgue Diekirch asbl et Uergelbauveräin Dikrich (UBV_D) asbl 2016, SS.65-67
- ↑ René Kockelkorn, Herausforderung innerhalb der christlichen Tradition. Ein künstlerisches Wagnis. Neues Taufbecken in der Laurentiuskirche in Diekirch von Tom Flick und Lukas Arons. Die Warte vum 27. Februar 2014 S. 11.
- ↑ Diekirch: Restaurierte Dekanatskirche in neuem Glanz, gelies op Wort.lu de 24. 2. 2014
- ↑ Lamberty John, Umfassend restaurierte Dekanatskirche in Diekirch feierlich eingeweiht, Luxemburger Wort, 24. 2. 2014, S. 18