Francorchamps
Ausgesinn
Francorchamps | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Verviers |
Gemeng | Stavelot |
Koordinaten | 50°27'14"N, 5°57'7"O |
Websäit | http://www.francorchamps.org/ |
Francorchamps (op Wallounesch Francortchamp) ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Stavelot an der Provënz Léck.
Virun de belsche Gemengefusioune vun 1977 war Francorchamps eng eegestänneg Gemeng zu där d'Uertschafte Ster, Hockai, Baronheid, Cronchamps an Neuville, dat vu La Gleize detachéiert gi war, gehéiert hunn.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft läit um Uwänner vun der Eau Rouge, engem klengen Niewefloss vun der Amblève am Héije Venn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Ufank vum Éischte Weltkrich den 8. August 1914 wéi Däitschland d'Belsch iwwerfall huet, huet de 74. Infantrieregiment zu Francorchamps 25 Haiser zerstéiert, a 14 Zivilisten erschoss.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Uertschaft stéisst un d'Nordspëtzt vum bekannte Formel I-Circuit Spa-Fancorchamps.
Bekannt Persounen
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Mathieu Nisen (1819-1885), Moler gebuer zu Ster.