Amblève (Floss)

Vu Wikipedia
Amblève
d'Amblève am Fonds de Quarreux
Längt 93 km
Debit 19,5 m³/s
Fläch vum Baseng 1.080 km²
Originn
Originn Zesummelaf vun
Heckbach an Hellbach
Plaz Halenfeld
Héicht 480 m
Koordinaten 50° 21’ 18.26’’ N
      06° 13’ 05.97’’ E
Konfluenz
Leeft an Ourthe
Plaz Pont-de-Sçay
Douxflamme
Héicht 100 m
Koordinaten 50° 28’ 58.5’’ N
      5° 35’ 05.2’’ E
Geographie
Land Belsch
Regioun Héicht Venn
Ardennen

D'Amblève (op Däitsch: Amel) ass e Floss an der belscher Provënz Léck. Et ass en Niewefloss vun der Ourthe.

De Floss entsteet aus dem Zesummelaf vund zwou Baachen, dem Heckbach an dem Hellbach südlech vun Halenfeld an der Gemeng Amblève op enger Héicht vu 480 Meter, woubäi den Heckbach vum Wallounesche Waasseratlas als Haaptquellbaach ugesi gëtt an deemno hir Quell jee no Auteur mat enger Héicht vu 586 Meter ugi gëtt an deementsptiechend fënnt een och veschidden Donnée" fir d'Längt (88,4 oder 93). Se leeft da vun do de ganzen Zäit no Westen an no Nordweste fir no 93 km op der Douxflamme zu Pont-de-Sçay an der Gemeng Comblain-au-Pont an d'Ourthe ze lafen.

Op hirem Laf gëtt s'e puermol gestaut fir Stroum ze produzéieren. Eng éischt Kéier fir eng kleng Zentral zu Stavelot ze dreiwen (106 kW), dann zu Coo wou d'Waasser fir d'Pompelspäicherwierk gestaut gëtt (385 kW). Um Barrage vu Lorcé gëtt hiert Waasser mat engem Tunnel duerch de Bierg mat enger Drockleitung mat 40 m Gefäll an d'elektresch Zentral vun der Heid-de-Goreux (7.244 kW) zu Nonceveux geleet an dann nach eng kleng zu Raborive an der Gemeng Aywaille (60 kW). Zu Comblain-au-Pont gëtt et och nach en alen Däich deen d'Waasser gestaut huet fir d'Waasserad vun der Marbersseeërei vu Liotte ze dreiwen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]