André Bauler

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
André Bauler
Gebuer 5. Februar 1964
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Lycéesprofesser, Auteur
Partei Demokratesch Partei
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den André Bauler, gebuer de 5. Februar 1964 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen Auteur, Ekonomist a Politiker. Hie war vum 4. Dezember 2013 bis den 28. Mäerz 2014 Staatssekretär fir Erzéiung a Fuerschung an der Regierung Bettel-Schneider.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den André Bauler ass zu Méchela an zu Dikrech opgewuess. No sengem Secondaire am Dikrecher Kolléisch (Sektioun B) huet hien Ekonomie zu Lëtzebuerg um Centre universitaire an op der Université catholique de Louvain studéiert. Den 1. Januar 1988 ass hien an de Stage fir « Professeur de sciences économiques et sociales » genannt ginn. No sengen Examen a senger wëssenschaftlecher Dissertatioun iwwer d'Problematik vun den horizontalen Ententen an der Europäescher Unioun gouf hien 1990 definitiv als Lycéesprofesser nominéiert.

Vun 1992 bis 2009 war hien Ekonomiesprofesser am Lycée du Nord zu Wolz. Hie war och Chargé d'enseignement op der Uni Lëtzebuerg am Kader vun der Proffenausbildung (1997-2004) an huet Ufanks der 90er Jore Coursen an der Finanzmathematik um deemolegen IST ginn.

2000 gouf hie Bezierkssekretär vun der DP am Norden an 2004 war hien eng éischt Kéier Kandidat bei de Chamberwalen.

2005 koum hien als Zweetgewielten als Conseiller an de Gemengerot vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer a gouf am Oktober 2007 do Schäffen. No de Gemengewale vum Oktober 2011, wou hien déi meeschte Stëmme krut, ass hie Buergermeeschter ginn.

Vun 2006 bis 2012 huet hien am Kader vun der Vereenegung « De Cliärrwer Kanton » d'Initiativ fir de Bau vun engem eegestännege Lycée zu Klierf koordinéiert a virugedriwwen.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 gouf den André Bauler am Bezierk Norden op der DP-Lëscht direkt gewielt an ass och bei deene vum 20. Oktober 2013 nees direkt an d'Parlament gestëmmt ginn. Am Dezember 2013 huet hien op säi Buergermeeschter- an Deputéiertemandat verzicht fir an der Regierung Bettel-Schneider Staatssekretär fir Erzéiung a Fuerschung ze ginn. Den 28. Mäerz 2014 huet hie sech missen aus gesondheetleche Grënn aus senger Fonctioun zréckzéien an huet seng Aarbecht am Parlament nees opgeholl. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hie fir déi drëtt Kéier hannerteneen direkt an d'Chamber gewielt[1].

Zanter 2018 ass den André Bauler ënner anerem President vun der parlamentarescher Finanz- a Budgetskommissioun. Tëscht 2014 an 2018 huet hien d'Kulturkommissioun vun der Chamber presidéiert a war ënner anerem Rapporter vum éischten Archivgesetz fir Lëtzebuerg a vun der Ëmsetzung vun dräi Konventioune vum Europarot iwwer de Schutz vum architektoneschen, immateriellen an audiovisuelle Patrimoine an dat nationaalt Recht. Den André Bauler war och Rapporter vum Staatsbudget fir d'Joer 2019.

Nieft senger politescher Aktivitéit huet hie verschidden Artikelen, Bicher a Schrëften iwwer gesellschaftlech, kulturell, geschichtlech a wirtschaftlech Theme geschriwwen. An der Politik si seng Schwéierpunkte fir am Ament d'Finanzen, d'Entwécklung vun der nationaler Ekonomie am ländleche Raum, Héichschoulwiesen souwéi Kultur an Denkmalschutz.

Hien ass zanter 2015 President vun der kultureller Vereenegung « De Cliärrwer Kanton » (www.dck.lu) an huet sech tëscht 1995 an 2016 als Grënnungspresident vun den Dikrecher Uergelfrënn (www.aod.lu) fir de Bau vun der Conservatoires-Uergel (CMNord) an de Bau vun der grousser Thomas-Uergel zu Dikrech engagéiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Langage et principes de l'économique: terminologie et mécanismes, aspects de l'économie luxembourgeoise. Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle, Luxembourg 1999, 247 S. (coauteur: Edmée Krier).
  • Les fruits de la souveraineté nationale. Essai sur le développement de l'économie luxembourgeoise de 1815 à 1999. Une vue institutionnelle, Caisse centrale Raiffeisen, Lëtzebuerg, 2001, ISBN 2-9599789-0-0
  • Des Öslings stille Kraft, Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, 2004, ISBN 2-87953-875-0
  • Schnéiwäiss. Winter und Frühling im Norden Luxemburgs. Fotografien. Op der Lay 806, 2006, ISBN 978-2-87967-132-1[1]
  • Romantescht an historescht Éislek - Landschaften a Baukultur an de Lëtzebuerger Ardennen, De Cliärrwer Kanton 2016, www.dck.lu, 200 S., Hardcover, ISBN 978-99959-0-281-0
  • De Réidener Kanton - eng houfreg Lëtzebuerger Kulturlandschaft, Thillenvogtei 2017, 100 S., Hardcover, ISBN 978-99959-0-337-4

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erpeldingen: Anerkennung für einen Tausendsassa. Lëtzebuerger Journal, Nr. 192, 6. Oktober 2009, S. 7.

Theater[änneren | Quelltext änneren]

  • De knéckege Schlasshär[2], Récré 23, Éditions de l'APESS
  • Vill Gedäisch am Sauerdall - Eng historesch Fantasie aus der Belle époque als Fräiliichttheater konzipéiert, Récré 24, Éditions de l'APESS
  • Ouni Dokter geet et och! Theaterstéck fräi nom Molière sengem „Malade imaginaire“, Récré 25, Éditions de l'APESS

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://webplaza.pt.lu/public/opderlay/abschnei.html
  2. http://www.lcd.lu/presse/2009/2009_04_04_luxemburger_wort_schlasshaer.pdf