Op den Inhalt sprangen

Gemeng Ierpeldeng op der Sauer

Vu Wikipedia
Gemeng Ierpeldeng op der Sauer
d'Ierpeldenger Schlass, Sëtz vun der Gemengeverwaltung
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Erpeldange-sur-Sûre
de: Erpeldingen-Sauer
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Dikrech
Chef-lieu Ierpeldeng
Buergermeeschter Claude Gleis
Awunner 2.662
  1. Januar 2026
Fläch 17,97 km²
Héicht 207 m
Koordinaten 49° 51’ 50’’ N
      06° 06’ 50’’ O
LAU-Code LU0604
Websäit https://www.erpeldange.lu
D'Gemeng Ierpeldeng (orange) am Kanton Dikrech (rout)
Vue op Ierpeldeng

D'Gemeng Ierpeldeng op der Sauer (och alt Ierpeldeng-Sauer oder lokal Ierpeldeng un der Sauer[1], virun 2014: Gemeng Ierpeldeng) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Ierpeldeng vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 2.662 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[2][3].

Ierpeldeng ass mat de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck a Schieren de Kär vun der Nordstad.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Ierpeldeng läit zum groussen Deel am Sauerdall am Zentrum vun der Nordstad, net wäit vun Ettelbréck an Dikrech, op enger Héicht vun zirka 190 bis 450 m (NG-L) (Bierden 400 m, Ierpeldeng 202 m, Angelduerf 195 m).

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Nopeschgemenge sinn d'Gemenge Buerschent an Tandel am Norden, Dikrech am Osten, Schieren an Ärenzdall am Süden an Ettelbréck am Westen.

Wandrous Buerschent Buerschent Tandel Wandrous
Ettelbréck N Dikrech
W    Ierpeldeng o. d. Sauer    O
S
Ärenzdall
Schieren

D'Sauer leeft vun Norden no Süden an dann am südlechen Deel vun der Gemeng no Oste weider.

Verkéiersubannung

[änneren | Quelltext änneren]

Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'B7, d'N7, d'N27 an d'N27A. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 348, 348A, 351 an 359 duerch d'Gemeng.

D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Dikrech duerchleeft d'Gemeng am südlechen Deel, wou se parallel zur Sauer, zur N7 an zur Uertschaft Angelduerf geet.

Geologesch läit d'Gemeng op der Linn, déi d'Devon-Schichte vun den Ardennen am Norden (Éislek) vun den Trias-Schichten am Süden (Guttland) trennt. Domat gëtt et an der Gemeng Ierpeldeng déi Besonneschkeet, dat eng Sektioun (Bierden) komplett am Éislek, eng genee op der Grenz (Ierpeldeng) an eng Sektioun ganz am Guttland läit (Angelduerf).

No der franséischer Revolutioun, wéi Lëtzebuerg Deel vum Département des Forêts gouf, koum eng nei Zivil-Organisatioun. Ënner anerem goufe 1795 d'Gemengen (Communes) agefouert, déi den ale Feudalsystem ersat hunn. Ierpeldeng gouf eng Sektioun vun der Gemeng Dikrech. 1823 koum eng Revisioun vun de Gemengen, wou dunn Ierpeldeng, zesumme mat Angelduerf, an d'Gemeng Ettelbréck agegliddert gouf.

Duerch e Gesetz vum 22. Januar 1850[4], an op Wonsch vun der Populatioun, ass Ierpeldeng eng eegestänneg Gemeng gi mat zwou Sektiounen: Ierpeldeng an Angelduerf. Op den 1. Januar 1907 ass Bierden vun der Gemeng Ettelbréck ewechgeholl an als drëtt Sektioun bei Ierpeldeng bäigeprafft ginn[5].

Duerch d'Gesetz vum 19. Dezember 2014 gouf aus der Gemeng Ierpeldeng d'Gemeng „Ierpeldeng op der Sauer“[6].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Beschreiwung am Originaltext[7]:

Écartelé en sautoir: aux I et IV de gueules à une étoile à sept rais d'or; aux II et III d'argent au tourteau de sable.
D.C. 7. Februar 1978 - A.M. 21. September 1978 - Mémorial B 1978, Säit 1100 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1978.

De Gemengewope berécksiichtegt d'Wope vun de verschiddenen Hären, déi noeneen zu Ierpeldeng d'Soen haten.

Den a véier gedeelte Wopen (Andreaskräiz) erënnert un déi éischt Hären, de Frédéric an de Gérard vun Ierpeldeng (à une fasce, un sautoir brochant sur le tout, Faarwe sinn net onbekannt).

Dat Sëlwert a Rout, gradewéi d'Rondelen, sinn aus de Wope vun der Famill Gondersdorf (de gueules à deux fasces d'argent chargées de cing tourteaux de sable), Hären aus dem 15. bis zum 17. Joerhonnert.

D'Stäre mat de siwe Spëtzte stamen aus de Wope vum Baron du Prel (de gueules à un chevron dentelé d'argent accompagné de trois ombres de soleil à sept rais d'or), dee 1691 déi lescht Nokomme vun der Famill Gondersdorf bestuet huet.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]

Gemengesyndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Michel Wilhelm, 2002, 150 ans de la commune d'Erpeldange, Administration Communale Erpeldange, Impr. du Nord, 60 S.
 Commons: Ierpeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. esou ze liesen am Logo vun der Gemeng
  2. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
  4. (fr) Loi du 22 janvier 1850, qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange. data.legilux.public.lu (22.01.1850). Gekuckt de 17.06.2026.
  5. (fr) Loi du 24 décembre 1906, concernant la distraction de la section de Burden de la commune d'Ettelbruck et sa réunion à celle d'Erpeldange. data.legilux.public.lu (24.12.1906). Gekuckt de 17.06.2026.
  6. Loi du 19 décembre 2014 relative au changement du nom de la commune de Erpeldange en celui de Erpeldange-sur-Sûre op legilux.lu
  7. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 93 (fr).
  8. Chronologie des bourgmestres op erpeldange.lu; gekuckt 02.01.2021.