Gemeng Tandel
Tandel | |
---|---|
![]() | |
![]() Märei vun der fréierer Gemeng Baastenduerf, hautdesdaags Büroe vun den technesche Gemengeservicer | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Tandel de: Tandel |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Buergermeeschter | Ali Kaes (CSV) |
Awunner | 2.214 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 6.382,9923 ha[1] |
Héicht | 300 m |
Koordinaten |
49° 53’ 48’’ N 06° 10’ 55’’ O |
Websäit | http://www.tandel.lu |
D'Gemeng Tandel (orange) am Kanton Veianen (rout) | |
D'Gemeng Tandel ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Veianen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Baastenduerf.
D'Gemeng ass den 1. Januar 2006 aus der Fusioun vun den deemolege Gemenge Baastenduerf a Furen entstanen.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[2][änneren | Quelltext änneren]
Uertschaften an der fréierer Gemeng Baastenduerf:
Uertschaften an der fréierer Gemeng Furen:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Baastenduerf:
Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Furen:
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Tandel ass op den 1. Januar 2006 aus der Fusioun vun der Gemeng Baastenduerf, mat den Uertschafte Baastenduerf, Branebuerg, Laaschent an Tandel, an der Gemeng Furen, mat den Uertschafte Furen, Bëttel, Longsdref a Waalsdref, entstanen[3].
![]() |
Am Gesetz gouf festgehalen datt de Sëtz vun der neier Gemeng zu Tandel soll sinn, datt awer bis déi néideg Infrastrukture bestinn, de provisoresche Sëtz zu Furen ass. Well awer zu Furen net genuch Plaz war fir all d'Departementer vun der neier Gemeng opzehuelen, deelen Büroe sech nach déi zwee fréier Gemengenhaiser vu Baastenduerf a Furen. (Stand: Sept.2007).
Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Wopen[änneren | Quelltext änneren]
Beschreiwung: De gueules à l'écusson d'argent chargé d'une tour ouverte de gueules et accompagnée de trois merlettes d'argent, deux en chef et une en pointe.
Am Kader vun der Gemengfusioun gouf fir déi nei Gemeng Tandel en neie Wopen entworf. Vu véier Projeten déi d'Commission héraldique proposéiert hat, gouf de Projet N°2 zréckbehalen, an zwar vun der fréierer Gemeng Baastenduerf an der Sëtzung vum Gemengerot den 30. Juni 2005, an zu Furen an der Sëtzung vum 15. Juli 2005. Den Arrêté ministériel ass vum 5. August 2005. Duerno gouf de Wope vum neien Tandeler Gemengerot a senger éischter Sëtzung vum 29. November 2005 ugeholl.
De Wope vun der Gemeng Tandel setzt sech zesummen aus Elementer vun de Wope vun de fréiere Gemenge Baastenduerf (chargé d'une tour ouverte de gueules) a Furen (d'argent accompagné en chef de deux merlettes affrontées du même). D'Emailer sinn d'Haaptemailer vun den zwéi Wopen.
Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Tandel ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Tandel
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Tandel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Loi du 21 décembre 2004 portant fusion des communes de Bastendorf et de Fouhren. legilux.public.lu (31.12.2004). Gekuckt de(n) 19.07.2020.