Bleesmillen
Ausgesinn
| Bleesmillen | |
|---|---|
|
| |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Veianen |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Carole Gils |
| Koordinaten |
49° 53’ 30.3’’ N 06° 11’ 12.5’’ O |
|
| |
D'Bleesmillen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Gemeng Tandel.
Geographesches
[änneren | Quelltext änneren]Bleesmille läit um südleche Wutz vun der Gemeng, op enger Héicht vun 193 m am Dall vun der Blees, just, ier déi op der Bleesbréck an d'Sauer leeft.
Et kënnt een dohin iwwer eng Bréck, déi vun der N17 ofgeet.
D'Millen
[änneren | Quelltext änneren]Déi fréier Mille gouf a Vakanzewunnengen ëmgebaut, mat engem klenge Camping derbäi. Den 22. Januar 2021 goufen d'Gebaier vun der Millen als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 8. Oktober 2025).
