Ernest Rassel

Vu Wikipedia
Ernest Rassel
Gebuer 2. Mee 1932
Gestuerwen 13. Dezember 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker


Den Ernest ("Erny") Rassel, gebuer den 2. Mee 1932 a gestuerwen den 13. Dezember 2023, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1]

Hie gouf 1974 fir d'éischt an de Gemengerot vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer gewielt a war bis 2005 Member vun deem Gemengerot.

Vun 1976 bis 1981 war hie Schäffen an der Gemeng Ierpeldeng a vun 1982 bis 2005 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Erny Rassel am Luxemburger Wort vum 15. Dezember 2023 op der Säit 38