Op den Inhalt sprangen

Gemeng Bettenduerf

Vu Wikipedia
Gemeng Bettenduerf
Vue op Gilsdref an der Gemeng Bettenduerf
An anere Sproochen fr: Bettendorf
de: Bettendorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Dikrech
Chef-lieu Bettenduerf
Buergermeeschter Patrick Mergen
Awunner 3.051
  1. Januar 2026
Fläch 2.323 ha
Héicht 188 m
Koordinaten 49° 52’ 17’’ N
      06° 11’ 19’’ O
LAU-Code LU0601
Websäit http://www.bettendorf.lu/
D'Gemeng Bettenduerf (orange) am Kanton Dikrech (rout)

D'Gemeng Bettenduerf ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bettenduerf vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 3.051 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[3]

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Bettenduerf läit op der Sauer am Kanton Dikrech. D'Uertschaft Bettenduerf läit um lénksen Uwänner, Gilsdref a Méischtref um rietsen. D'Sauer leeft op enger Héicht vu ronn 185 m duerch d'Gemeng, d'Plateauen nërdlech a südlech si gutt 100 m méi héich.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Tandel Wandrous
Dikrech N Reisduerf
W    Bettenduerf    O
S
Ärenzdall

D'Gemeng Bettenduerf ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Mam Gesetz vum 5. August 1963 si verschidde Parzellen aus der Gemeng Baastenduerf (ronn 80 Ar) bei d'Gemeng Bettenduerf geprafft ginn[4].

Beschreiwung am Originaltext[5]:

Coupé d'or et d'argent à la fasce vivrée de gueules brochant sur la partition, accompagnée en chef d'une croix ancrée de sable, en pointe de trois fleurs de lis du même posées 2 et 1.
D.C. 13. Dezember 1983 - A.M. 8. Februar 1984 - Mémorial B 1984, Säit 374 - Projet: Marcel Lenertz (1983)

De Wope symboliséiert déi dräi Uertschafte vun der Gemeng: Bettenduerf, Gilsdref a Méischtref.

D'Ankerkräiz kënnt aus dem Wope vun den Häre vu Bettenduerf (d'or à la croix ancree de sable), d'Fleurs-de-lis sinn aus dem Wope vun den Häre vu Folkendeng iwwerholl (d'argent à trois fleurs de lis mal ordonnés de sable), deenen d'Duerf Gilsdref gehéiert huet. Déi gezackte Linn staamt vum aus dem Wope vum Th. vu Kerpen (d'argent a la fasce vivrée de gueules), deen am 14. Joerhonnert Här vu Méischtref war.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Bettenduerf war bis d'Gemengewalen 2017 nach mat eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Zesummesetzung
JoerMGMD*Ekipp*GWZ*
2023551

* MGMD : Meng Gemeng -Mäin Doheem; Ekipp: Eng Ekipp fir Iech; GWZ: Eis Gemeng um Wee an d'Zukunft.
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1800 - ...: Nicolas Recht[6]
  • ...
  • ≤ 1912 - 1915: Michel Conzemius
  • 1915 - 1918: Joseph-August Dondelinger
  • 1918 - ... : J.-P. Muller[7]
  • 1946 - 1952: J.-P. Goebel[7]
  • 1952 - 1975: Pierre Strauss [8]
  • 1975 - 1987[9]: Jean Pleim
  • 1988 - 1993: Michel Atten[9]
  • 1994 - 2005: Jos. Brepsom[10]
  • 2006 - 2017: Albert Back[9]
  • 2017 - 2023: Pascale Hansen[9]
  • zanter 2023: Patrick Mergen
Bettenduerfer Schlass

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Bettenduerf ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Bekannt Persounen aus der Gemeng Bettenduerf

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Bettenduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. Gekuckt de 6. Juli 2026.
  3. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen, déi de Kadaster unhand vu sengen Attributiounen, déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am « Registre national des localités et des rues » opgezielt sinn. Häff a Lieu-dite sinn déi localités, wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn. Verschiddener goufen allerdéngs un d'Schreifweis vun haut ugepasst.
  4. (fr) Loi du 5 août 1963 portant incorporation dans le territoire de la commune de Bettendorf de certains terrains appartenant à la commune de Bastendorf. data.legilux.public.lu (05.08.1963). Gekuckt de 07.06.2026.
  5. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 47 (fr).
  6. (bis 1994): "Rathaus-Geschichten: Bettendorf". wort.lu [w+], 09.06.2021.
  7. 1 2 Duurch d'Jorhonnert. In: Chorale Sainte-Cécile Bettendorf (Luxembourg): 100 Joër Chorale Bettendrëf. Bettendorf: Chorale Ste-Cécile, [puis] Impr. du Nord, 1995, p. 9 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  8. In memoriam Pierre Strauss. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 32 (08.02.1977), p. 9 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  9. 1 2 3 4 Statistiken: Schäfferéid (sic) säit 1982. In: De Schloper 1, 2025, S.30.
  10. Doudesannonce am Wort vum 4. Juli 2023