Kierch Gilsdref

Vu Wikipedia
Kierch vu Gilsdref

Uertschaft / Plaz Gilsdref
Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Gertrud
Baujoer 1848
Koordinaten 49° 51’ 58.9’’ N
      06° 10’ 55.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Gilsdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Bettenduerf gehéiert.

Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Gertrud, där hiert Fest de 17. Mäerz gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale) mat der rue du Pont (CR356A) an der route de Broderbour (CR356).

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilsdref ass 1807 eng selbstänneg Par ginn.
  • Duerch e schlëmmt Feier verbrennen am Joer 1840 57 Haiser an déi stréigedeckte Kierch an der haiteger Schellecksgaass.
  • 1841 decidéiert de Gemengerot vu Bettenduerf eng nei Kierch ze bauen. D'Regierung hat awer léiwer, datt déi al sollt renovéiert ginn.
  • 1846: De Paschtouer Nickers schreift dem Apostolesche Vikar fir Lëtzebuerg, dem Jean-Théodore Laurent, en energesche Bréif, an deem hie sech mat däitleche Wierder iwwer den Zoustand vun der aler Kierch, dem ale Kierfecht an d'Lethargie vun den Administratioune beschwéiert. An en huet Succès domat: de 14. September 1846 gëtt de Plang an den Devis vun engem Neibau vun der Regierung ënnerschriwwen.
  • De 26. Juni 1847 gëtt de Grondstee geluecht. D'Steng stamen aus engem Broch, deen der Gemeng gehéiert. Architekt ass den Här Eberhard vun Dikrech.
  • Ee Joer drop ass d'Kierch fäerdeg. Si huet 27.774,15 Frang kascht.
  • 1852 liwwert de Schräinermeeschter Peter Welter vu Gilsdref d'Kommuniounbänk fir 20 Frang.
  • De Klackegéisser Causard géisst 1865 déi al Klack, déi gerass war, an eng vu 704 Pond ëm.
  • Duerch Terraintosch gëtt 1866, dem Joer vun der schrecklecher Cholera-Epidemie, decidéiert, en neit Parhaus ze bauen, dat am Mee 1868 fäerdeg gëtt.
  • E Schwäizer gëtt 1880 agestallt fir dat onrouegt Behuele vun de "jüngeren Knaben" an de Grëff ze kréien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Gilsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien