CR356

Vu Wikipedia
CR356
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Dikrech bis
an de Mëllerdall
Verlaf Uschloss
Dikrech N 14
Gilsdref Tirelbaach
CR 356A
Brouderbuer
Folkendenger
Kräizung
CR 347 CR 356B
Bricherhaff
Iermsdref Wäiss Iernz
CR 358
CR 358
Suewelbuer CR 358
CR 358
Freckeisen
Chrëschtnech CR 128
Waldbëlleg CR 128
Mëllerdall CR 121
Schwaarz Iernz
CR 121
CR 118

Den CR356 ass e Chemin repris an de Kantonen Iechternach an Dikrech a geet vun Dikrech a südëstlecher Richtung bis an de Mëllerdall.

En huet säin Ufank an der Kléck op der N14 eng 50 Meter virun der Sauerbréck iwwer déi en dann a Richtung Gilsdref féiert. En heescht do Route de Gilsdorf'. Zu Gilsdref selwer bis op d'Kräizung mat dem CR356A heescht e Rue Principale an duerno Route de Broderbour. Vun do aus féiert en op Brouderbuer, dann iwwer d'Folkendenger Kräizung laanscht de Bricherhaff op Iermsdref. Do heescht e Rue de Gilsdorf bis op d'Kräizung mat dem CR358, iwwer deen en dann eng ronn 100 Meter no Norde weiderleeft a Rue de Medernach heescht. Da béit e riets of an heescht da Rue de Savelborn. Et geet dann an e puer Krénkelen erop op de Plateau vu Suewelbuer laanscht de Gréiwenhaff, bis op Suewelbuer, wou en erëm den CR358 kräizt an och eng 150 Meter mat deem zesummen ass.

E féiert da weider op Freckeisen wou e virdrun op der Héicht vum Kelleschhaff duerch d'Quellgebitt vun der Halerbaach féiert. Zu Chrëschtnech wou e Rue Bierg an Um Lahr heescht, begéint en am Norde vun der Uertschaft op engem Rond-point dem CR128 mat deem en zesummen op Waldbëlleg féiert. Do heescht e Rue Hentges bis op Kräizung wou den CR128 op Haler ofbéit, an duerno heescht en a Richtung Mëllerdall Rue Michel Rodange.

Am Mëllerdall kräizt en den CR121 op deem en eng ronn 100 Meter weiderféiert fir da laanscht d'Konsdrëffer Baach weider ze féieren an op der Hallschent tëscht dem Mëllerdall an der Konsdrëffer Millen op den CR118 ze kommen.

Den CR356 ass ronn 19,5 km laang.

Den CR356 vum Kelleschhaff a Richtung Freckeisen gesinn