Sauerbréck zu Gilsdref

Vu Wikipedia

D'Sauerbréck zu Gilsdref ass eng Bréck iwwer d'Sauer déi den Zentrum vu Gilsdref mat der Nationale 17 verbënnt. Iwwer d'Bréck féiert den CR356.

Et ass eng Boubréck déi am arméierte Bëtong gebaut ass, a mat Permangen aus dem Sauerdall agekleet ass. Se huet dräi Béi an ass ronn 90 Meter laang.

Um rietse Bréckepilier ass eng Plack ubruecht déi den Héichwasserstand vum 12. Januar 1993 uweist.

D'Bréck vum rietsen Uwänner gesinn