Tirelbaach

Vu Wikipedia
Tirelbaach
Längt 6.200 m
Hydrographesche
Baseng
SauerMuselRhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Steeën Pouschend
Héicht 314 m
Koordinaten 49° 49’ 27.55’’ N
      06° 10’ 30.9’’ O
Konfluenz
Leeft an Sauer
Plaz Gilsdref Gréit
Héicht 187
Koordinaten 49° 52’ 05.6’’ N
      06° 10’ 38.6’’ O
Haaptnieweflëss Riedeschbaach
Saaselbaach
Sturmbaach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Steeën, Gilsdref


D'Tirelbaach ass e Waasserlaf am Guttland an e rietsen Niewefloss vun der Sauer.

Si entspréngt zu Steeën, südwestlech vum Bloen Eck um Flouer Pouschend an huet dofir och fréier an hirem ieweschte Laf Pouschenterbaach oder Pascheiderbaach geheescht. Si fléisst gréisstendeels an nërdlecher Richtung.

Nordwestlech vu Gilsdref leeft se no engem Laf vu 6.200 m um Flouer "Gréit" an d'Sauer.

Tschiddeschmillen läit op der Tirelbaach.

Hir Niewebaache sinn (vun uewen no ënnen): D'Riedeschbaach, d'Saasselbaach an d'Stuermbaach

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]