CR313

Vu Wikipedia
CR313
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Ueschdref
op Heeschpelt
Verlaf
Ueschdref CR 309
Ueschdrëffer Millen Lameschbaach
Heeschpelt CR 307

Den CR313 ass e Chemin repris am Kanton Réiden an de Gemenge Rammerech a Wal.

En huet säin Ufank zu Ueschdref um CR309, an heescht do Rue Jean Jacques Klein.

E féiert vun do aus no Osten, duerch den Dall vun der Burbich. Op der Héicht vun der Ueschdrëffer Millen wiesselt en an den Dall vun der Lameschbaach. Dësen Dall verléisst en dann och no 500 Meter, fir weider laanscht de Millebierg, erop op Homer um Plateau vun Heeschpelt ze féieren. Do huet en da ronn 500 m nërdlech vun der Uertschaft Uschloss un den CR307.

Den CR313 ass ronn 2,9 km laang.