Op den Inhalt sprangen

Chrëschtnech

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Chrëschtnech
Chrëstnech
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Christnach
de: Christnach
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Waldbëlleg
Buergermeeschter Andrée Henx-Greischer
Awunner 847
  1. Januar 2023
Fläch 867,9860 ha[1]
Héicht 325 m
Koordinaten 49° 47’ 19’’ N
      06° 16’ 23’’ O

Chrëschtnech (lokal: Chrëstnech[2]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Waldbëlleg.

Chrëschtnech gouf, wéinst senger gutt erhalener Architektur vu Bauerenhaiser aus dem 18. Joerhonnert vum Service des sites et monuments nationaux an den 1970er Joren zum Modellduerf deklaréiert an ass als eent vun den éischten Dierfer am Land systematesch renovéiert ginn. Verschidden Häff si sougenannt Véierkant-Häff, d. h. se sinn op 4 Säite ëm e Bannenhaff zougebaut (mat Wunnhaus, Ställ a Scheieren).

Kuckeswäert ass ë. a. och déi al Uelegsmille mat engem Weekräiz nieft dem Portal, dat e polychrome Relief vun enger Pietà weist.

E puer klasséiert Haiser (Nationalmonument oder Zousazinventaire):

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
D'Hougeriicht op der Fielsser Strooss

Am Oste vun der Uertschaft an deelweis op der Sektioun Waldbëlleg läit de Golf and Country Club Christnach deen en 18-Lach-Parcours bitt a Par 70 klasséiert ass.

Commons: Chrëschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.