Kierch Chrëschtnech
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Chrëschtnech | |||
Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Sebastian | |||
Konsekratioun | 1872 | |||
Koordinaten | 49° 47’ 18.1’’ N 06° 16’ 25.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Chrëschtnech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Waldbëlleg gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sebastian, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.
Se steet op der Schoulstrooss, dem CR128. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Chrëschtnech ass zanter dem 15. Oktober 1808 eng eegestänneg Par. Virdrun huet et zur Par Waldbëlleg gehéiert. 1809 gouf d'Kierch duerch den Ubau vun engem Chouer vergréissert. 1830 gouf se nach eng Kéier vergréissert a krut dobäi déi Form déi se haut nach huet.
1837 krut d'Kierch zwou nei Klacken, déi vun der franséischer Géisserei Perrin & Hemmery direkt virun der Kierch gegoss goufen. déi kleng Klack ass dem Hl. Donatus geweit an déi grouss der Muttergottes.
1860 krut d'Kierch eng Tuermauer déi am Atelier vum Schmadd Philippe Weber (“a Schmatts”) gemaach gouf.
1868 goufe gréisser Aarbechten un de Säitemauere gemaach an d'Fënsteren, d'Dieren, de Buedembelag am Chouer an d'Gespär vum Daach goufen erneiert. Den 11. Juni 1872 ass déi renovéiert Kierch vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert ginn.
Am Joer 1898 ass den Tuerm renovéiert ginn.
Duerch d'Ardennenoffensiv gouf d'Kierch schwéier beschiedegt. Ënner dem Paschtouer Majerus gouf d'Kierch 1952 awer nees an d'Rei gesat. De 15. Mäerz 1953 ass d'Kierch nees a Betrib geholl ginn. Gläichzäiteg gouf och déi nei Uergel ageweit déi vun der Uergelmanufaktur Sebald vun Tréier agebaut gouf.
Fir d'150-Joerfeier vun der Par krut d'Kierch am Joer 1959 aacht nei Fënsteren.
Paschtéier vun der Par Chrëschtnech
[änneren | Quelltext änneren]- 1808-1820, Mathias Méris
- 1820-1827, Nicolas Arends
- 1827-1846, Jean-Nicolas Goergen
- 1846-1859, Jean-Nicolas Kayser
- 1859-1862, Pierre Mangen
- 1862-1897, Pierre Hemmer
- 1897-1920, Nicolas Gerson
- 1920-1946, Nicolas Emering
- 1946-1965, Michel Majerus
- 1966-1976, Aloyse Bellwald
- 1976-1991, Joseph Wagner
- 1989-1994, Fernand Reuter
- 1994-1997, Nicolas Wenner
- 1994-, Maurice Péporté
- 1998-2002, Alain Steffen
- 2000-2004, Georges Schwickerath
- 2004-, Robert Mulanda Kuzwela
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Chrëschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
D'Kierch aus Südoste vun der Gässel aus gesinn
-
Den Agank op der Westsäit