Par Mëllerdall Saint-Michel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Par Mëllerdall Saint-Michel ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 duerch en Dekret vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 10 fréier Pare Chrëschtnech, Kruuchten, Eppelduerf, Hiefenech, Fiels, Miedernach, Meesebuerg, Noumer, Steeën a Waldbëlleg. Aangelsbierg, déi fréier Filial vun der Par Meesebuerg gëtt ofgetrennt.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemengen Hiefenech, Fiels, Noumer, Ärenzdall a Waldbëlleg.

De Patréiner vun der Par ass den hellege Méchel.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Christnach, Cruchten, Eppeldorf, Heffingen, Larochette, Medernach, Meysembourg, Nommern, Stegen et Waldbillig et sur l'érection de la paroisse « Mëllerdall Saint-Michel »