Gemeng Fiels
Fiels | |
---|---|
![]() | |
D'Gemengenhaus am fréieren De Roebé-Schlass | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Larochette de: Fels |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Buergermeeschter | Natalie Silva |
Awunner | 2.220 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 1.540 ha |
Héicht | 298 m |
Koordinaten |
49° 47’ 01’’ N 06° 13’ 10’’ O |
Websäit | http://www.larochette.lu/ |
D'Gemeng Fiels (orange) am Kanton Miersch (rout) | |
D'Gemeng Fiels ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se ass no der Uertschaft Fiels am Kanton Miersch benannt.
Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]
- Iernzen (Ernzen);
- Fiels (Larochette, Fels);
- Meesebuerg (Meysembourg, Meysemburg).
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Fielsser Géigend war, wéi et schéngt, schonn zur Réimerzäit bewunnt, bei der Restauratioun vun der Buerg gouf eng réimesch Mënz fonnt.
Vum 11. bis 18. Joerhonnert gouf d'Liewe vun de Buerghären op der Fielsser Buerg bestëmmt.
De 24. Juni 1865 war e grousst Feier an der Uertschaft Fiels. Déi fréier Parkierch (Nikloskierch) a 75 Haiser sinn de Flamen zum Affer gefall. Am ganze Land gouf fir d'Affer gesammelt.
Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
- 1797 - 1798: Gindt Antoine
- 1798 - 1799: Lais Dominique
- 1799 - 1801: Weydert Jean-Baptiste
- 1801 - 1808: Metzler Balthasar
- 1808 - 1815: de Cassal Antoine-Ignace
- 1815 - 1818: Klein Mathias
- 1818 - 1830: Prim Jean
- 1830 - 1844: Hansen-Weydert Michel
- 1844 - 1845: Pierre Scharlé[1]
- 1845 - 1871: Jean Sinner
- 1872 - 1890: Jean Knaff
- 1891 - 1899: Nicolas Lutgen
- 1900 - 1901: Jean Treinen
- 1902 - 1911: Nicolas Thilmany[2]
- 1912 - 1917: Nicolas Prim[3]
- 1918 - 1921: Nicolas Ludovicy[4]
- 1921 - 1928: Michel Sinner
- 1928 - 1949: Jules Zinnen
- 1950 - 1959: Nic Wagner
- 1960 - 1975: Pierre Ginter
- 1976 - 1990: Victor Weydert
- 1991 - 2017: Pierre Wies
- zanter 2017: Natalie Silva
Politik[änneren | Quelltext änneren]
Fusiounspläng[änneren | Quelltext änneren]
Eng méiglech Fusioun tëscht de Gemengen Noumer, Fiels a Fëschbech gouf den 9. November 2014 an engem Gemenge-Referendum refuséiert: Zwar waren an der Fiels 66,53 % vun de Wieler fir sou eng Fusioun, mä zu Noumer ware 70,05 % dergéint, an zu Fëschbech souguer 76,02 %.[5]
Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Fiels ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- D'Buerg Fiels
- D'Kierch Fiels
- D'De-Roebé-Schlass
- D'Haus vum Michel Rodange
- De Musée iwwer d'Textilindustrie an der Fiels
- De Verluerekascht
- Den Ouschterbuer
- Den Haangelsbur
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Fiels
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Fiels
- D'Gemeng Fiels op der Websäit vum Syvicol
- Fielsser Jugendherberg
- Fielsser Industriegeschicht: Schongfabréck Lutgen
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Mémorial N°46 - Arrêté grand-ducal du 16 juillet 1911, démission honorable a été accordée, sur sa demande, à M. Nic. Thilmany de Larochette des fonctions de bourgmestre.
- ↑ Obermosel-Zeitung, 10. Juli 1917: Nikolaus Prim hat seine Entlassung als Bürgermeister eingereicht.
- ↑ Nicolas Ludovicy op der Säit iwwer d'Brosserie moderne an der Fiels op www.industrie.lu
- ↑ "Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 07:09:09.