Verluerekascht Fiels

Vu Wikipedia
Verluerekascht Fiels
De Fielsser Verluerekascht vun der Wäisser Iernz aus gesinn
Land Lëtzebuerg
Kanton Fiels
Koordinaten 49°47'1,64"N, 6°13'4,91"O
Vue vum Verluerekascht op d'Buerg.

De Verluerekascht ass e fréiere Beobachtungstuerm vun der Fielsser Buerg an haut en Aussiichtspunkt an der Fiels.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Verluerekascht läit ongeféier 120 m westlech vum Kär vun der Fiels op enger Héicht vun 300 m.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Verluerekascht vis-à-vis vun der Fielsser Buerg steet d'Ruin vun engem Tuerm deen zu senger Zäit wuel als Beobachtungstuerm gedéngt fir den Ugräifer éischter ze gesinn. Et gouf eng Verbindungsmauer, an där hirem Schutz d'Ritter sech tëscht der Buerg an dem Verluerekascht hin an hier beweege konnten.

Touristesches[änneren | Quelltext änneren]

Haut ass de Verluerekascht e beléiften Aussiichtspunkt. Et huet een eng gutt Aussiicht op d'Fielsser Buerg, d'Alstad, den Zentrum, ma och de Rescht vum Dall.

Och d'Hannerland vum Tuerm huet de Flouernumm Verluerekascht ugeholl. Hei ass e flotte Spadséierwee duerch e Lafbësch mat villen herrleche Fielsformatiounen, z. B. a Form vun engem Champignon.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verluerekascht Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien