Buerg Fiels

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pahyl Hrad.PNG Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Buerg Fiels
Buerg Fiels
D'Ruine vun der Buerg an der Fiels. Zeechnung vum Jean-Pierre Schmit an Nicolas Liez, 1834.
Plang vun der Buerg

D'Buerg Fiels, an der Fiels, huet hiren Urspronk am 11. Joerhonnert. Haut ass dës Buerg net méi ganz erhalen. Nëmmen e Brochdeel vun der ganzer Buerganlag konnt restauréiert ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An den Texter fënnt een d'Häre vun der Fiels eng éischt Kéier um Enn vum 12. Joerhonnert. Um Enn vum 16. Joerhonnert gouf d'Buerg iwwerfall an a Brand gesat, an ass zanterhier eng Ruin. Op e puer Plazen deelt e Gruef d'Buerg an zwee Deeler. De Lëtzebuerger Staat huet d'Buerg am Joer 1979 opkaf a mat de Renovéierungsaarbechten ugefaangen. Nach haut ginn do archeologesch Ausgruewunge gemaach.

Famillen[änneren | Quelltext änneren]

D'Homburger[änneren | Quelltext änneren]

Den eelsten Deel vun der Kärbuerg ass d'Homburger Haus, dat ëm 1350 gebaut gouf. Dat léisst sech an Dokumenter nokucken, déi soen, datt déi zwou Schwëstere vum Johann II., d'Irmgard an d'Mathilde, d'Bridder Friederich a Conrad vun Homburg tëscht 1338 an 1345 bestuet hunn. Si sinn duerch déi Bestietnesser zu Matpropriétairë vun der Buerg ginn. D'Haus selwer huet wahrscheinlech aus zwéi Stäck bestanen, fir all Koppel een.

D'Chriechinger[änneren | Quelltext änneren]

D'Chriechinger Haus ass dat eenzegt Haus, dat komplett restauréiert gouf. Et gouf ëm 1385 gebaut. Et besteet aus dräi Stäck an engem Keller. D'Trapenhaus huet fënnef Stäck mat méi klenge Kummeren. Un der ëstlecher Säit ass en hëlzenen Ubau op der Héicht vum éischte Stack. Am grousse Sall um éischte Stack ass eng kleng Kapp an d'Nordsäit agelooss. Um Rez-de-Chaussée sinn d'Bäckerei an d'Kiche vun der Buerg gewiescht. Besonnesch interessant um Bakuewen ass, datt den Damp net direkt duerch de vertikale Kamäi verschwënnt: de Kamäi mécht op hallwem Wee no baussen e Knéckss a verleeft dann horizontal eraus. Genee iwwer dem horizontalen Deel vum Kamäin war de Schlofeck vum Haushär. An der Kichen ass ausserdeem e Pëtz vun zwee Meter Duerchmiesser. Iwwer dëse Pëtz gëtt et iwweregens eng Chriechinger Legend.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Editions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 76-82)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien