Op den Inhalt sprangen

Bouneweg-Nord/Verluerekascht

Vu Wikipedia
Bouneweg-Nord/Verluerekascht
Loftbild vum Quartier mam Achille-Hammerel-Foussballsterrain
An anere Sproochen fr: Bonnevoie-nord/
Verlorenkost
de: Bonneweg-Nord/
Verlorenkost
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 4.581
  31. Dezember 2025
Fläch 67,76 ha
Héicht 302,6 m
Koordinaten 49° 36’ 26.5’’ N
      06° 08’ 40.2’’ O

Bouneweg-Nord / Verluerekascht ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Oste vun der Haaptstad. Zesumme mam Nopeschquartier Bouneweg-Süd billt en d'Uertschaft Bouneweg.

De Quartier grenzt am Norden un de Quartier Gronn an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Polvermillen, Bouneweg-Süd an d'Gare. Am Norden a Weste mécht d'Uelzecht d'Grenz mat den Nopeschquartieren.

De Quartier läit op enger Héicht tëscht 250,0 an 302,60 m[1].

2001 hunn am Quartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht 3.319 Leit gelieft. Op den 31. Dezember 2024 waren et 4.582 Leit, wouvu 27,85 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 72,15 % Auslänner[2].

Nationalitéiten am Quartier (31. Dezember 2024)[2]
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 4 582 100,00
1 Lëtzebuerg 1 276 27,85
2 Frankräich 841 18,35
3 Portugal 557 12,16
4 Italien 383 8,36
5 Spuenien 197 4,30
6 Däitschland 119 2,60
7 Belsch 109 2,38
8 Rumänien 70 1,536
9 Indien 69 1,51
10 Griicheland 54 1,18
Top 10 3 675 80,21
Aner Nationalitéiten 907 19,79
  • 1807: Duerch d'Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, koumen 32 Persounen ëm d'Liewen an 120 goufen der schwéier blesséiert, dorënner vill Kanner. De Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat.
 Commons: Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt den 28.05.2023.
  2. 1 2 Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2024.