Op den Inhalt sprangen

Bouneweg-Süd

Vu Wikipedia
Bouneweg-Süd
Iwwerreschter vun enger réimescher Villa zu Bouneweg
An anere Sproochen fr: Bonnevoie-sud
de: Bonneweg-Süd
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 13.372
  31. Dezember 2024
Fläch 239,01 ha
Héicht 315,7 m
Koordinaten 49° 35’ 49.1’’ N
      06° 08’ 34.6’’ O

Bouneweg-Süd ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Südoste vun der Haaptstad. Zesumme mam Nopeschquartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht billt en d'Uertschaft Bouneweg.

Bouneweg-Süd grenzt am Norden un de Quartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Polvermillen, Hamm, d'Gemeng Hesper, Gaasperech an d'Gare. Am Norde mécht d'Uelzecht d'Grenz mam Nopeschquartier Hamm.

De Quartier läit op enger Héicht tëscht 250,0 an 302,60 m[1].

2001 hunn am Quartier Bouneweg-Süd 10.596 Leit gelieft.

Op den 31. Dezember 2024 waren et der 13.372, wouvun 33,10 % Lëtzebuerger waren a 66,90 % Auslänner[2]. Et ass domat de Quartier mat de meeschten Awunner.

Nationalitéiten am Quartier (31. Dezember 2024)[2]
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 13 372 100,00
01 Lëtzebuerg 4 426 33,10
02 Frankräich 2 053 15,35
03 Portugal 1 882 14,07
04 Italien 1 108 8,29
05 Spuenien 452 3,38
06 Belsch 344 2,57
07 Däitschland 290 2,17
08 Rumänien 219 1,64
09 Indien 141 1,05
10 Griicheland 130 0,97
Top 10 11 045 82,60
Aner Nationalitéiten 2 327 17,40
 Commons: Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Les quartiers. maps.vdl.lu. Gekuckt den 28.05.2023.
  2. 2,0 2,1 Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2024.