Jean Knaff
Ausgesinn
| Jean Knaff | |
|---|---|
| Gebuer |
2. Mäerz 1825 Fiels |
| Gestuerwen |
18. November 1916 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
De Jean Knaff, gebuer den 2. Mäerz 1825 an der Fiels, a gestuerwen den 18. November 1916 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Duchfabrikant a Politiker[1].
Hie war Buergermeeschter vun der Gemeng Fiels a vun 1872 bis 1890 Deputéierten an der Chamber.
Hie war e ferventen Unhänger vun de Schmuelspuerbunnen an huet 1882 d'Schmuelspuerbunn vu Kruuchten an d'Fiels initiéiert.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1879)[2]
Chevalier vum Ordre de Léopold [3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Luxemburger Lexikon
- ↑ Memorial N°12 vun 1879 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ Doudesannonce vum Jean Knaff am Luxemburger Wort vum 20. November 1916
