Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn . Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Streck
Garen, Brécken, Tunnellen
PK
Uschloss Lëtzebuerg - Ëlwen
Gare Kruuchten
0,00
Uelzecht
0,25
Kruuchten Duerf
0,80
Schrondweiler
3,20
5,35
Wäiss Iernz
9,45
Miedernach
9,50
Fiels
12,10
Uschloss Fiels - Iernzen
Déi fréier Gare an der Fiels
D'Eisebunnsstreck Kruuchten - Fiels , Fielsser Jangli genannt, war eng Lëtzebuerger Schmuelspuerbunn déi vu Kruuchten iwwert Schrondweiler a Miedernach an d'Fiels gefouert huet.
D'Streck déi mat enger Längt vun 12,12 km mam Gesetz vum 2. Mee 1881[ 1] gegrënnt gouf, ass den 20. Februar 1882[ 2] opgaangen a gouf vun der Société des chemins de fer secondaires luxembourgeois bedriwwen. Wéi 1934 déi dräi Schmuelspuer-Eisebunnsgesellschafte fusionéiert hunn, gouf se vun der Chemins de fer à voie étroite de l'État exploitéiert. Wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich huet d'Deutsche Reichsbahn d'Exploitatioun iwwerholl, ier se 1946 an d'Hänn vun der CFL goung.
Den 2. Mee 1948 gouf mam Service op dëser Streck opgehalen[ 2] , well en net méi rentabel war. Mam groussherzoglechen Arrêté vum 3. Mee 1948 ass de Jangli mat Autobussen a Camionen ersat ginn[ 3] .