Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Besëtzer | Lëtzebuerg |
---|---|
Bedreiwer | Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois |
vu(n) | Dikrech |
op | Veianen |
opgaangen | 9. Abrëll 1889 |
zougemaach | 2. Mee 1948 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 14 km |
Gréisst Steigung | 32,5 ‰ |
Spuerbreet | Meterspuer |
Streck | ||
Garen, Brécken, Tunnellen | PK | |
Uschloss Ettelbréck-Waasserbëlleg | ||
Gare Dikrech | 0,00 | |
Dikrech Stad | 1,570 | |
Gilsdrëffer Bréck | 2,870 | |
Blees | 3,499 | |
Bleesbréck | 3,630 | |
Baastenduerf | 4,689 | |
Tandel | 6,543 | |
Tandeler Baach | 7,057 | |
Waalsdref | 8,030 | |
Furen | 9,504 | |
Bëttel | 11,487 | |
Our | 13,007 | |
Rueter Strooss | 13,606 | |
Veianen | 14,186 |
D'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, Benni oder Benny genannt[1], war eng Lëtzebuerger Schmuelspuer- a Kantonalbunn déi vun Dikrech iwwer Tandel, Furen a Bëttel op Veianen gefouert huet.
D'Streck déi mat enger Längt vu 14,11 km mam Gesetz vum 28. Abrëll 1896[2] gegrënnt gouf, ass den 9. Abrëll 1889[1] opgaangen a gouf vun der Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois bedriwwen. Wéi 1934 déi dräi Schmuelspuer-Eisebunnsgesellschafte fusionéiert hunn, gouf se vun der Chemins de fer à voie étroite de l'État exploitéiert. Wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich huet d'Deutsche Reichsbahn d'Exploitatioun iwwerholl, ier se 1946 an d'Hänn vun der CFL goung.
Den 2. Mee 1948 gouf d'Streck zougemaach[1][3], well se net méi rentabel war. Mam groussherzoglechen Arrêté vum 3. Mee 1948 ass de Benni mat Autobussen a Camionen ersat ginn[4].
Uganks gouf – wéi fir déi aner Schmuelspuerbunnen – och fir d'Streck Dikrech-Veianen vum Jangli geschwat. Wéi awer 1925 Motricen agesat goufen déi mat Benzol ugedriwwe goufen, koum de Spëtznumm Benni net vu wäit hier[5]…
Fir un de Benni ze erënneren
[änneren | Quelltext änneren]- Haut erënnert zu Veianen e Sightseeing-Zichelchen, mam Numm Benni, un dee fréieren Zuch.
- D'Vëlospist PC23 heescht offiziell itinéraire cyclable Benni.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Federmeyer, Ed: Die Schmalspurbahnen, G.A.R. Dokumentatioun, Zwéi Bänn, 1991
- Milmeister, Jean: Hundert Jahre "Benni", Veianer Geschichtsfrënn, Nr. 7 - Veianen, Juni 1989
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg
- De Chareli
- De Jangli
-
Zeitungsartikel iwwert d'Aweiung vun der Streck (Luxemburger Wort vum 10.04.1889)[6]
-
Erënnerungsplack fir 100 Joer Benny
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 Linn Dikrech - Veianen op rail.lu, gekuckt den 19. Mäerz 2023
- ↑ (fr)Loi du 28 avril 1886 concernant la concession de trois lignes de chemins de fer secondaires. legilux.public.lu (28.04.1886). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
- ↑ (de)Ern Breuskin, Zwischen Diekirch und Vianden, Vor 75 Jahren stellte die Schmalspurbahn Benni ihren Dienst ein.. wort.lu (2.5.2023). Gekuckt de(n) 2.5.2023. // Das Aus für den "Benni", Luxemburger Wort, 2. 5. 2023, S. 12-13
- ↑ (fr)Arrêté grand-ducal du 3 mars 1948 portant suppression du service ferroviaire sur les lignes de Grundhof à Beaufort, de Cruchten à Larochette et de Diekirch à Vianden et son remplacement par un service d'autobus et de camions. legilux.public.lu (03.03.1948). Gekuckt de(n) 19.03.2023.
- ↑ Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Bd 1, S. 5 - Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1
- ↑ Inauguration der Cantonalbahn Diekirch Vianden. Luxemburger Wort (10.4.1889, S. 3). Gekuckt de(n) 2.5.2023.