Jangli
![]() |
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


De Jangli (och: Jangeli oder och nach Jhangeli) war den Numm fir verschidde Schmuelspuer-Eisebunnslinnen zu Lëtzebuerg.
De Jangli vun Näerden op Roumecht[änneren | Quelltext änneren]
Eng Janglisstreck ass vun Näerden op Roumecht gaangen an hat eng Längt vun 29,54 km.
Si war tëscht dem 18. November 1890 an dem 16. Februar 1953 a Betrib, éischt Miessungen hunn awer schonn 1886/87 ugefaangen. 1954 goufen d'Schinnen ofgerappt.
Elo ass d'Streck eng Vëlospist (PC17 vun Näerden iwwer Rammerech op Ueschdref). Zu Nidderpallen gouf 1991 déi fréier Gare komplett restauréiert an e klenge Musée dran ageriicht. Op engem Gleisstéck steet eng Lokomotiv vun 1937 mat zwéi Waggonen an eng Drëtt-Klass-Voiture.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Näerden - Roumecht.
De Jangli vun der Stad Lëtzebuerg op Réimech[änneren | Quelltext änneren]
D'Janglisstreck Lëtzebuerg - Réimech war 27,15 km laang.
Si huet vum 20. Februar 1882 bis den 22. Mee 1955 bestanen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Réimech.
Lidd[änneren | Quelltext änneren]
Iwwer de Réimecher Jangli gëtt et d'Lidd "De Jangli fiert den Houwald erop", gesonge vum Colette a Fernand Wark, eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Fernand Wark a Jeff Besch vum amerikanesche Lidd "On the Atchison, Topeka and the Santa Fe" vun 1944[1],[2].
De Jangli vu Kruuchten an d'Fiels[änneren | Quelltext änneren]
De Feelser Jangli ass op enger Streck vun 12,12 km vu Kruuchten an d'Fiels gefuer. D'Linn goung den 20. Februar 1882 op a gouf den 2. Mee 1948 zougemaach[3].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Kruuchten - Fiels.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Ed Federmeyer: Schmalspurbahnen in Luxemburg, 1991
- Meyer, Jean-Paul, 2015. Jangeli Schmalspurbahn Luxemburg-Remich 1882-1955. - Verlag Gérard Klopp, Mondorf-les-Bains. 260 S.
- Paul Aschman. Des Närdenger Jängelchens letzte Fahrt. Revue Nr 10 vum 7. Mäerz 1953, Säite 16-17
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Eisebunn
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg
- De Chareli
- De Benni
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ De kompletten Text vun "De Jangli fiert den Houwald erop" op rail.lu
- ↑ Johnny Mercer: "On the Atchison, Topeka and Santa Fe" op YouTube
- ↑ Linn Cruchten - Fiels op rail.lu, gekuckt de 16. Juni 2019
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Lëtzebuerger Schmuelspuerlinnen op der Websäit vun der Association Luxembourgeoise des Amis des Chemins de Fer
- D'Lidd "De Jangli fiert den Houwald erop" op Youtube (Colette & Fernand)