Vëlospist PC17
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alternativen Numm | Itinéraire cyclable de l'ouest |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Westpist |
vu(n) | Näerden |
op | Schleef |
Längt | 47,8 km |
déifste Punkt | Réiden op der Atert |
héchste Punkt | Kietscht |
Land | Lëtzebuerg |
OpenStreetMap | Vëlospist PC17 |
D'Vëlospist PC17, och nach Westpist, offiziell Itinéraire cyclable de l'ouest, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
Streck
[änneren | Quelltext änneren]Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC17 iwwer 47,8 km vun Näerde bis bei den Uschloss vun der PC20 tëscht Wanseler an der Schleef. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Näerden, Nidderpallen, Réiden op der Atert, Hueschtert-Gare, Rammerech, Kietscht an Ueschdref.
Aktuell sinn zwéin Deeler realiséiert[2]:
Dat sinn am Ganzen 21,79 km[2]. Den déifste Punkt (265,56 m) ass zu Réiden op der Atert (Schummeschmillen) an den héchsten (519,30 m) zu Kietscht (rue des Alliés)[3].
Vun Näerde bis op Kietscht leeft d'PC17 iwwer déi fréier Schmuelspuerlinn Näerden-Roumecht.
Uschlëss un aner Pisten
[änneren | Quelltext änneren]D'Westpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- Zu Näerden ass en Uschloss un d'PC12 (Atertpist), déi vu Péiteng iwwer Stengefort op Colmer-Bierg féiert,
- Zu Kietscht ass en Uschloss un d'PC18 (Schifergrouwepist), déi vu Kietscht aus bis hanner déi belsch Grenz op Maartel féiert.
geplangt:
- Zu Béiwe kënnt een op d'PC19 (Stauséipist), vun där een op d'Plage zu Léifreg beim Stau kënnt,
- Tëscht Wanseler an der Schleef läit d'Enn vun der Vëlosstreck, vu wou aus een iwwer d'PC20 (Pist vun der Wolz) op Kautebaach oder a Richtung Benonchamps an der Belsch weiderfuere kann.
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Vun der Vëlospist PC17 feelen nach zwéin Deeler: an der Mëtt d'Streck tëscht Ueschdref a Léifreg an am Norden den Deel vu Béiwe bis an d'Schleef[2].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vëlospist PC17 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'PC17 op der Websäit vun de Ponts et chaussées
- Iwwersiichtkaart mat de Vëlospisten op der Websäit vu ProVelo
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt den 10. Juni 2019
- ↑ Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn