Vëlospist PC9
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'PC9 an der Brommesheck zu Leideleng | |
Alternativen Numm | Itinéraire cyclable faubourg minier |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Pist vun de Minettsvirstied |
vu(n) | Suessem |
op | Kockelscheier |
Längt | 22,79 km |
déifste Punkt | Suessem |
héchste Punkt | Reckeng op der Mess |
Land | Lëtzebuerg |
OpenStreetMap | Vëlospist PC9 |
D'Vëlospist PC9, och nach Pist vun de Minettsvirstied, offiziell Itinéraire cyclable faubourg minier, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
Streck
[änneren | Quelltext änneren]D'PC9 ass 22,79 km laang a féiert vu Suessem op d'Kockelscheier. Den déifste Punkt (288,02 m) ass zu Suessem (rue de la Chiers) an den héchsten (363,23 m) zu Reckeng op der Mess (op de Bannhéien)[2].
Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Suessem, Lampech, Piisseng, Reckeng op der Mess a Leideleng.
Uschlëss un aner Pisten
[änneren | Quelltext änneren]D'Pist vun de Minettsvirstied huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- PC6 (Dräikantonspist) zu Suessem,
- PC1 (Zentrumspist) a PC10 (Pist François Faber) zu Leideleng.
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vëlospist PC9 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'PC9 op der Websäit vun de Ponts et chaussées
- Iwwersiichtkaart mat de Vëlospisten op der Websäit vu ProVelo
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn