Op den Inhalt sprangen

Vëlospist PC12

Vu Wikipedia
Vëlospist PC12
D'PC12 an der Géigend vun Äischen
Alternativen Numm Itinéraire cyclable de l'Attert
Lëtzebuerger Numm Atertpist
vu(n) Péiteng
op Colmer-Bierg
Längt 52,86 km
déifste Punkt Colmer-Bierg
héchste Punkt Habschter Tunnel
Land Lëtzebuerg
OpenStreetMap Vëlospist PC12

D'Vëlospist PC12, och nach Atertpist, offiziell Itinéraire cyclable de l'Attert, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].

D'PC12 ass 52,86 km laang a féiert vu Péiteng op Colmer-Bierg a leeft zu engem groussen Deel iwwer den Tracé vun der fréierer Atertlinn. Den déifste Punkt (203,30 m) ass zu Colmer-Bierg an den héchsten (385,52 m) ass am Habschter Tunnel[2].

Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Péiteng, Uewerkäerjeng, Kënzeg, Grass, Koler, Klengbetten, Hoen, Stengefort, Äischen, Huewel, Näerden, Useldeng, Béiwen-Atert, Biissen, Colmer a Bierg.

Am Juli 2025 goufen d'Aarbechten ausgeschriwwen, fir tëscht Klengbetteng a Stengefort d'Pist iwwer en neien 3,6 km laangen Tracé ze féieren, dee ronn zur Halschent iwwer d'Bett vun der fréier Eisebunnslinn geet (dat bis dohin op deem Deelstéck net genotzt gouf). Weiderhi ginn 3 Iwwergäng iwwer staark befuere Stroosse méi sécher gemaach.[3]

Uschlëss un aner Pisten

[änneren | Quelltext änneren]

D'Atertpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:

 Commons: Vëlospist PC12 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
  2. Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
  3. Steve Ramesch: "Weitere Eisenbahnstrecke wird zum Radweg." wort.lu, 17.06.2025.