Colmer

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Colmer
D'Gemengenhaus zu Colmer
An anere Sproochen fr: Colmar
de: Colmar
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Colmer-Bierg
Buergermeeschter Mandy Arendt (PPLU)
Héicht 237 m
Koordinaten 49°48'37,01"N, 6°5'49,99"O

Colmer ass eng Uertschaft an der Gemeng Colmer-Bierg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ursprong vu Colmer ass net wierklech bekannt. Allerdéngs gouf Aarbechtsgeschier aus der Steenzäit fonnt. Dëst léisst drop schléissen datt scho virun iwwer 40.000 Joer Leit zu Colmer gewunnt hunn. Och d'Kelten hunn zu Colmer gewunnt an hunn dem Duerf souguer säin Numm ginn: Colmar (col = Hiwwel, mar = grouss). D'Iwwerreschter vu réimesche Villen aus dem 3. Joerhonnert beweisen och, datt d'Réimer Colmer besidelt hunn.

Am Mëttelalter huet Colmer, bedéngt duerch Kricher an d'Pescht, vill Awunner verluer an et gouf ëm 1641 nëmmen nach 5 Familljen zu Colmer.

1951 huet d'Goodyear sech zu Colmer niddergelooss. D'Schlass Brückenberg ass der Vergréisserung vun der Goodyear ëm 1960 zum Affer gefall. 1970 hëlt Zuel un Awunner zu Colmer zou an erfuerdert ëmmer erëm de Bau vun neien Infrastrukturen respektiv d'Vergréisserung vun den alen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]