Piratepartei Lëtzebuerg
Piratepartei Lëtzebuerg | |
---|---|
![]() | |
President | Starsky Flor Marie-Paule Dondelinger |
Vizepresident | Daniel Frères |
Generalsekretär | Marc Goergen |
Tresorier | Yvon Dostert |
Gegrënnt | 4. Oktober 2009 |
Parteizentral |
1a rue de Luxembourg L-8481 Koplescht |
Jugendorganisatioun | Jonk Piraten |
Memberszuel |
388 (27. Nov. 2017[1]) |
Ideologien |
Piratepolitik Auteursrechtreform Oppe Regierung |
International Affiliatioun | Pirate Parties International |
Faarwen | Mof, Wäiss a Schwaarz |
Chamber |
2/60 Sëtz |
Europaparlament |
0/6 Sëtz |
Websäit | |
https://www.piraten.lu/ | |

D'Piratepartei Lëtzebuerg, ass eng politesch Partei zu Lëtzebuerg. D'Partei geet der Piratendoktrin no, déi vun der schweedescher Schwësterpartei "entwéckelt" gouf. Si setzt sech zanter hirer Grënnung am Oktober 2009 fir Biergerrechter an, ee verbesserten Dateschutz a méi Privatsphär fir Privatpersounen. Si fuerdert méi Transparenz vum Staat, fräien Zougang zu Informatiounen a Bildung. Doriwwer eraus fuerdert se eng grondleeënd Reform vum Auteursrecht a Patentwiesen, an ass géint all Form vun Zensur. Den Haaptprinzip ass d'Basisdemokratie, déi all Member et erlaabt aktiv d'Zukunft vun der Partei mat ze bestëmmen. D'Piratepartei ass, wei déi meescht Parteien zu Lëtzebuerg, pro-europäesch ("Europa ouni Grenzen"). Si ass Member vun de Pirate Parties International, der Daachorganisatioun vun der internationaler Piratepartei-Beweegung, an ass bei internationale Konferenzen an Aktiounen derbäi.
D'Piratepartei Lëtzebuerg gouf de 4. Oktober 2009 an der Stad Lëtzebuerg vu 14 Interesséierte gegrënnt. Am Februar 2011 louch d'Zuel vun de Membere bei 90, Enn November 2011 bei 195, Januar 2012 bei 227, am September 2012 bei 285, am September 2013 bei 308, am Abrëll 2014 bei 331, an 360 am Oktober 2015 bei 360.
De President a Matgrënner Sven Clement ass gläichzäiteg Member an der Piratepartei Däitschland an an der Piratepartei Schwäiz. Vizepresident war vun Oktober 2015 bis Oktober 2016 de Sven Wohl. De Vizepresident bis 2012 Jerry Weyer war och vu Mäerz 2010 bis 2011 ee vun zwéi Kopresidente vun der Pirate Parties International (PPI). De Presidium vun der Piratepartei besteet aus 7 Memberen, déi all Joer gewielt ginn.
Den 11. Dezember 2011 hu sech Membere vun der Piratepartei Lëtzebuerg zesummegedoen an eng Jugendorganisatioun mam Numm Jonk Piraten gegrënnt.
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet d'Piratepartei eng éischt Kéier Lëschten opgestallt; si krut jee no Walbezierk tëscht 2,7 % an 3,4 % vun de Stëmmen, net genuch fir e Sëtz an der Chamber. Bei den Europawalen 2014 krut se 4,23 %, wat och net duer goung fir ee vun de 6 Sëtz zu Stroossbuerg. Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 goungen 3 Conseillersmandater u Kandidate vun der Piratepartei: 2 zu Péiteng an een zu Réimech.
D'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 hunn der Partei landeswäit 6,45 % vun de Stëmmen abruecht, an zwéin Deputéiert, de Sven Clement an de Marc Goergen goufen an d'Chamber gewielt.[2]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Henniqui, Anne, 2009. Piratepartei Lëtzebuerg / À l'abordage. D'Lëtzebuerger Land vum 8. Oktober 2009. Online-Archiv. (fr)
- Kies, Raphaël, 2012. Le parti pirate / Le parti des jeunes combattants. D'Lëtzebuerger Land vum 13. Januar 2012, Rubrik Forum, S. 18-19. (fr)
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Piratepartei Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Partei
- Fräi Fotoe vun der Partei
- Facebook-Säit vun der Piratepartei
- Wort-Artikel iwwer d'Grënnung vun der Partei
- De Vizepresident vun der PPL Jerry Weyer gëtt Co-Chairman vun der PPI