Jerry Weyer
Jerry Weyer | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 4. Januar 1986 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Piratepartei Lëtzebuerg |
De Jerry Weyer, gebuer de 4. Januar 1986, ass e lëtzebuergesche Politiker an Aktivist. Vum 1. Mäerz 2010 bis den 18. Mäerz 2011 war hie Kopresident vun de Pirate Parties International (PPI)[1] En ass Grënnungsmember vun der Piratepartei Lëtzebuerg, a war bis den 28. Oktober 2012 hire Vizepresident. Zanter dem 5. Oktober 2014 ass hien de President vum Bezierk Zentrum vun der Piratepartei. Vun Oktober 2012 bis Juni 2013 war hie Manager vun der Parlament-Beobachtungsplattform Politikercheck.lu.[2]
Nieft dem Samir Allioui, deen am Juli 2009 zesumme mam Patrick Mächler aus der Schwäiz Kopresident ginn ass, gouf de Jerry Weyer de Chef vun der Daachorganisatioun vun der internationaler Pirateparteiebeweegung[3] bis zur PPI Konferenz am Abrëll 2010.[4] Op der Konferenz zu Bréissel gouf hien éischte Co-Chairman vun der Pirate Parties International gewielt.[1]
Hie wunnt zu Méischdref, huet Europäescht Recht studéiert[5] a schafft als Beroder fir digital Kommunikatioun.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Jerry Weyer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 Wiki of the PPI, former boards
- ↑ WOXX, 6.12.2012, "Politikerchecklu: Mehr Transparenz mit einem Klick?"
- ↑ About PPI, Pirate Party International.
- ↑ Patrick Mächler steps down - Jerry Weyer Steps up!, PPI, March 2, 2010
- ↑ De Jerry Weyer op der Wiki vun der Lëtzebuerger Piratepartei.