Ben Polidori
| Ben Polidori | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
13. November 1989 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Informatiker, Politiker, Foussballspiller |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Gemengeconseiller, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
De Ben Polidori, gebuer den 13. November 1989 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergeschen Informatiker a Politiker (LSAP; bis Juli 2024: Piraten).
Hie gouf 2023 bei de Kommunalwalen an de Gemengerot vu Viichte gewielt.[2].Bei de Chamberwalen dat selwecht Joer gouf hie fir d'éischt Kéier am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt, wou hie bis Juli 2024 d'Piratepartei vertrueden huet.[3] Den 19. September huet d'LSAP annoncéiert, datt de Ben Polidori de Sozialiste bäitrëtt.[4]
Bekannt ass de Ben Polidori och fir seng Karriär am Foussball.
Berufflech Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Ben Polidori huet zanter 2011 bei POST Lëtzebuerg geschafft a war do zanter 2021 Chef vum Service „Engineering & Support".[5] Wéinst sengem politesche Mandat an der Chamber huet hien 2023 déi Aarbecht opginn, fir Vollzäit-Politiker ze sinn.[6]
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Bei de Gemengewalen 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Gemeng Viichten gewielt[7]. Fir d'Chamberwalen 2023 huet hien als Spëtzekandidat am Bezierk Norde fir d'Piratepartei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[8]. Besonnesch an de Beräicher vun der Digitalisatiouns-, Educatiouns- a Familljepolitik ass de Ben Polidori aktiv.[9]
Am Juli 2024 ass hie wéinst Divergenzen aus der Piratepartei ausgetrueden an ass zënterhier onofhängegen Deputéierten.[10]
Den 19. September 2024 huet hien du säi Bäitrëtt bei der LSAP ugekënnegt.[4]
Karriär am Foussball
[änneren | Quelltext änneren]Bis zu sengem 19. Liewensjoer huet de Ben Polidori zu Diddeleng gewunnt an huet do fir de lokale Foussballsveräin F91 gespillt mat deem hien zweemol Lëtzebuerger Meeschter gouf.[5] Duerno war hien dräi Joer bei der UN Käerjeng 97, éier en 2014 bei d'US Rëmeleng an 2021 bei den FC Koeppchen gewiesselt huet.[11] Hien huet am lénkse Mëttelfeld fir d'U21 gespillt an ee Gol a sechs Lännerspiller geschoss.[11] Säin héchste Maartwäert als Spiller louch bei 50.000 Euro.[11]
Privates
[änneren | Quelltext änneren]De Ben Polidori gouf zu Esch-Uelzecht gebuer, huet dono zu Diddeleng gewunnt an nennt säit 2018 Viichten säin Doheem.[5] Hien ass bestuet an huet 2 Kander[6]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Ben Polidori. www.chd.lu. Gekuckt de 27.10.2023.
- ↑ Le conseil communal. vichten.lu. Gekuckt de 06.11.2023.
- ↑ (fr) BenPolidori. www.chd.lu. Gekuckt de 06.11.2023.
- 1 2 (de) Ben Polidori wechselt zur LSAP. Luxemburger Wort (19.09.2024). Gekuckt den 19.09.2024.
- 1 2 3 (de) Claude Molinaro, Pirat aus dem Norden / Ben Polidori: Warum der Neue in der Chamber ein fairer Gegner ist. www.tageblatt.lu. Gekuckt de 06.11.2023.
- 1 2 (de) Simone Molitor, Ben Polidori: der Aufsteiger aus dem Norden. luxemburger-wort-online (06.11.2023). Gekuckt de 06.11.2023.
- ↑ (fr) Vichten. elections.public.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
- ↑ (fr) Résultats détaillés - Nord. elections.public.lu. Gekuckt den 11.10.2023.
- ↑ (lb) Christoph Hochard, Serie Nei Gesiichter an der Chamber (7): De Ben Polidori vun de Piraten am Portrait. www.rtl.lu. Gekuckt de 06.11.2023.
- ↑ "Den Deputéierte Ben Polidori verléisst d'Piratepartei." 100komma7.lu, 15.07.2024.
- 1 2 3 (en) Ben Polidori - Player profile. www.transfermarkt.com. Gekuckt de 06.11.2023.
