Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ | |
---|---|
Ofkierzung | d'PARTEI |
President | Jeff Cigrand |
Generalsekretär | Jil Eiffes |
Fondateuren | Jeff Cigrand, Florian Holtgen, Ayla Hentges |
Gegrënnt | 09.12.2019 |
Parteizentral |
70, rue Camille Wampach |
Ideologie | Satir |
Politesch Positioun | Zentrum |
Faarf | Himmelblo |
Slogan | Wielt d'PARTEI, well si ass gutt. |
Hymn | Die Endgültige Parteihymne |
Websäit | partei.lu/ |
D'Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ[1] (kuerz: d'PARTEI) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei déi den 9. Dezember 2019 gegrënnt gouf[2]. D'PARTEI ass d'Lëtzebuerger Schwësterpartei vun der däitscher Satirpartei Die PARTEI. Si huet momentan keng Mandater.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'PARTEI gouf mat der Iddi fir méi Satir an d'Lëtzebuerger Politiklandschaft ze brénge gegrënnt[3]. Zanterhier probéiert si mat Witz a Satir anere Parteien a politesche Beweegungen de Spigel virzehalen.
Juristesch Affären
[änneren | Quelltext änneren]D'PARTEI an hire President goufen 2021 vum Christian Isekin, deemolege President vun der Partei PID a Leeder vu verschiddene libertäre Mouvementer, ugeklot[4]. D'Behaaptung war, datt duerch d'politesch Aktioun de Ruff vum Här Isekin a sengem Mouvement geschiedegt gi wier.
Walen
[änneren | Quelltext änneren]Den 16. Oktober 2023 huet d'PARTEI ugekënnegt bei den EU-Walen 2024 unzetrieden, ënnert dem Motto: "D'EU endgülteg Splécken"[5]. Bei dësem Versuch goung et mat 174 vun de néidegen 250 Ënnerschrëften net duer fir eng Lëscht däerfen opzestellen[6].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ ursprénglechen Numm: „Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Eliteförderung a basisdemokraktesch Initiativ“
- ↑ (fr)F12673 - Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ. lbr.lu. Gekuckt de(n) 16.09.2023.
- ↑ (lb)"d'Partei", eng nei Partei. www.rtl.lu. rtl.lu (25.01.2020). Gekuckt de(n) 16.09.2023.
- ↑ (fr)Sophie Kieffer, Procès pour diffamation : «Fasciste n'est pas un compliment». Gekuckt de(n) 16.09.2023.
- ↑ (en)d'PARTEI News // EU, mir kommen!. Gekuckt de(n) 2023-10-16.
- ↑ (de)Satire-Partei feiert ihren verfehlten Antritt bei der Europawahl. Luxemburger Wort (2024-06-26). Gekuckt de(n) 2024-06-26.