Jeff Cigrand
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jeff Cigrand | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 24. August 1993 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Hochschule Trier, Lycée des arts et métiers |
| Aktivitéit | Politiker, Softwareingenieur |
| Partei | Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ, Piratepartei Lëtzebuerg |
|
| |
De Jeff Cigrand, gebuer de 24. August 1993, ass e Lëtzebuerger Satiriker[1], Politiker a Grënner sou wéi President vun der Satirpartei Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ[2].
Educatioun
[änneren | Quelltext änneren]Am Lycée des arts et métiers huet hien 2013 en CATP an der Informatik ofgeschloss. Fir kënnen op eng Héichschoul ze goen, huet hien duerno e Fachabitur am "Eifel-Gymnasium" an der Neierbuerg am Joer 2016 ofgeschloss.
Op der Hochschule Trier huet hie Game Developement studéiert an 2018 e Bachelor of Science (B.S.) an deem Fach gemaach. Zanter 2023 schafft hien als DevOps Ingenieur[3].
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hie war vun 2010 bis 2019 Member an der Piratepartei Lëtzebuerg[4] wou hien d'Parteimandat als President vun der Sektioun Stad am Bezierk Zentrum hat. No sengem Austrëtt huet hien am selwechte Joer zesumme mam Florian Holtgen an der Ayla Hentges d'PARTEI gegrënnt[5] vun där hien zanter der Grënnung President ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) An der Stad: 20 Leit manifestéiere géint d'Corona-Mesuren. www.rtl.lu Archivéiert de 26.06.2024. Gekuckt de 26.06.2024.
- ↑ (fr) F12673 - Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ - 20/01/2020 Immatriculation. lbr.lu Archivéiert den 02.07.2020. Gekuckt de 16.09.2023.
- ↑ LinkedIn Profil. Gekuckt de 17.09.2023.
- ↑ Profil op der Websäit vun der Piratepartei gekuckt de 17. September 2023
- ↑ (lb) "d'Partei", eng nei Partei. www.rtl.lu. Gekuckt de 17.09.2023.
